"Navigation à vue" vun der Krisen-Cellule

© Archivblid
Zanter e Mëttwoch sinn d'Spideeler wéinst der Pandemie-Situatioun an der Phas 3, wat mat sech bréngt, datt verschidden OPe reportéiert ginn.
D'AMMD weist sech extrem erstaunt driwwer, datt d'Krisen-Cellule dës Decisioun am Alleingang geholl hätt, ouni sech mat den Doktere virdrun ze concertéieren.
D'aktuell politesch Linn wier puer "navigation à vue" heescht et bei der AMMD, wou ee vun engem respektlosen Ëmgang mat de Medezinner schwätzt. Ëmmerhi géif et awer elo un hinnen hänke bleiwen, fir de Patiente matzedeelen, wann Interventioune deprogramméiert musse ginn, esou den AMMD-President, den Dr Alain Schmit um RTL-Mikro.
Keng concertéiert Aktioun also, fir d'Phas 3 ze declenchéieren, an den Ae vun der AMMD - eng Doktesch-Associatioun, wou een et och schmäerzlech vermësst, datt de Projet vun engem Covid-Spidol, wou also Covid-Patienten hätte kéinten zentraliséiert "en charge" geholl ginn, mol nach net um Fong analyséiert gi wier.