Perspektiv Handwierk? Deel 2Rekord un Ausbildungsplazen 2021 ausgeschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Fir der Penurie am Handwierk entgéint ze wierken, sollen déi entspriechend Beruffer méi valoriséiert a promouvéiert ginn.
Perspektiv Handwierk? - Deel 2
An eiser Serie ronderëm d’Handwierk geet et am zweeten Deel dorëm, déi richteg Leit ze fannen an se duerno och an der Firma ze halen.

An eiser Serie ronderëm d’Handwierk kucke mir haut op d’Formatioun. Wéi schwéier ass et, fir e Betrib, déi richteg Leit ze fannen an duerno och an der Firma ze halen? D’Monica Camposeo huet e jonken Här getraff, dee virun e puer Méint seng Ausbildung ofgeschloss huet.

Perspektiv Handwierk? - Deel 2 / Tim Morizet

Fir de Christopher Reinert war et duerch de Familljebetrib vu sengen Eltere scho fréi kloer, dass hie wéilt Elektriker ginn. An Däitschland hat hien dann eng Ausbildung als Elektriker ugefaangen.

“Séier huet hien awer gemierkt, dass him dat ze vill theoretesch war. Doropshin huet hie sech dozou entscheet, op Lëtzebuerg ze kommen an hei eng Ausbildung unzefänken. Och wann hien bei Null huet missen ufänken, war him dat derwäert, fir méi praktesch kënnen ze schaffen. Säin Zil war awer do scho kloer: Sech eropschaffen.”

Ma eng gutt Grondausbildung ass dofir besonnesch wichteg. Fäerdeg forméiert Leit wieren den Ament awer fir d’Betriber immens schwéier ze fannen.

Et wier katastrophal, seet den Joey Thies, Chef vun de Ressources humaines. All gudden Handwierker wier ënner Daach. Dowéinst wiere vill méi Plazen op, wéi hie besetze kéint. Och dowéinst gi vill Privatbetriber op de Wee, fir selwer auszebilden. D’Penurie wier a verschidde Branchë souguer méi akut, wéi nach virun der Pandemie, ass an der Chambre des Métiers festgestallt ginn.

Den Tom Wirion, Generaldirekter Chambre des Métiers:

“Dëst Joer gouf e Rekord u bal 1.200 Léierplazeposten deklaréiert, déi lescht Jore wier ee bei 8 bis 900 gewiescht. Dat wier en Zeechen, dass d’Betriber iwwert méi Léiermeedercher a -Jong versichen, der Penurie entgéint ze wierken.”

Eng 850 Léierverträg si schonn ofgeschloss. Déi 1.200 Plaze wäerten awer net all kënne besat ginn, schätzt den Tom Wirion.

D’Apprentien no der Ausbildung fest anzestellen, ass och d’Zil vun de Betriber. Nëmmen da géing sech d’Formatioun lounen, an déi nämmlecht vill Zäit investéiert gëtt. Et misst een awer ëmmer mat der Konkurrenz rechnen, seet de Joey Thies, och wann hien den Apprentien, déi sech anescht orientéieren, selwer kee Reproche mécht:

Et wier gewosst, dass virun allem Lëtzebuerger dacks bei d’Gemenge wiesselen. Den Astig no der Ausbildung wier bei enger Gemeng méi attraktiv, wat et de Privatbetriber schwéier mécht, d’Leit ze halen. Dat géing dem Joey Thies d’Motivatioun huelen, fir an d’Ausbildung vun neie Leit z’investéieren.

De Christopher Reinert ass no senger Ausbildung am Privatbetrib bliwwen a konnt antëscht och opsteigen. Hie leet antëscht eegen Projeten. Am Handwierk opsteigen, genee wéi an aner Beruffer, do gesäit hie vill Chancen.

All d’Reportagen

Perspektiv Handwierk? - Deel 1

Back to Top
CIM LOGO