Dat an och well een am Kampf géint d'Pandemie mat de Mutatiounen net weiderkënnt, wiere Grënn, wisou de Stefan Braum sech fir eng Impfflicht ausschwätzt.

2G- an 3G-Regimmer wieren zwar do, fir d'Pandemie anzegrenzen, laangfristeg géing awer nëmmen d'Impfung eis aus der Pandemie erausféieren. Eréischt da misste Fräiheete vun der ganzer Bevëlkerung net méi weider beschnidde ginn. Mat der Aféierung vun engem Gesetz géingen awer och Kloerheete geschaaft ginn, well Prozeduren a Viraussetzungen definéiert misste ginn, esou de seet de Professer fir Strofrecht op der Uni Lëtzebuerg.

Eng Impfflicht géing awer och bedeiten, datt et misst Sanktioune gi fir déi Leit, déi d'Gesetz net anhalen. Wéi dës kéinten ausgesinn, dozou de Stefan Braum: "Et kann ee sech zum Beispill um éisträichesche Gesetz orientéieren. Do ass et esou, datt eng Verletzung vun der Impfflicht mat enger Geldstrof vu bis zu 3.600 Euro bestrooft ka ginn. Et gëtt awer eng Klausel, no där déi konkret Geldstrof dovunner ofhänkt, wéi vill ee verdéngt. Do kënnen Ofstufunge gemaach ginn. Och falls méi dacks géint d'Impfflicht verstouss gëtt, kéinten et Augmentatioune ginn."

Et kéint dann och e speziellen Dag festgeluecht ginn, souzesoen en Impf-Stéchdatum, vun deem u bestëmmt Sanktiounen ufalen. Um Mindestalter, vun deem un d'Impfflicht soll gëllen, sollt ee bei 18 Joer usetzen, mengt de Stefan Braum. Alles anescht kéint zu Onsécherheete féieren, well dann d'Ënnerschrëft vum Erzéiungsberechtegten néideg ass.

E Gesetz misst dann och folgend Punkte kloer definéieren: "Et geet hei net ëm eemol impfen, mee de Géigestand vun der Impfflicht muss op Impfserië festgeluecht ginn. Dat wären den Ament 3 Dosissen. Der Fro, wat dono kënnt, muss de Gesetzgeber sech unhuelen. An Éisträich hu se gesot, datt sech den Ament déi allgemeng Impfflicht och op Booster-Impfunge bezitt. Dat wat dono kënnt, kann deen zoustännege Ministère dann iwwer eng Direktiv reegelen."

Jee no neisten Erkenntnesser misst d'Gesetz dann ugepasst ginn. Mee et soll och vu vir eran zäitlech begrenzt sinn. An Éisträich gëllt et zum Beispill bis Januar 2024.

"Hei kann ee sech eng änlech Reegelung virstellen. Och fir enger Diskussioun ronderëm d'Dauer vun der Impfflicht de Wand aus de Seegelen ze huelen. Dat andeems ee seet, datt Impfen an der Reegel eng Entscheedung ass, déi deem Eenzele ginn ass, datt awer grad an Amenter vun enger konkreter Gefor a Risiken et ausnamsweis gerechtfäerdegt ass, esou eng Impfflicht ze maachen. Dëst soll awer net d'Reegel ginn."

Fir d'éischt emol e Gesetz ze maache fir bestëmmte Beruffsgruppen, also eng sektoriell Impfflicht, dovunner hält de Stefan Braum näischt. Et soll vun 18 Joer u gëllen a fir all d'Gruppe vun der Bevëlkerung. Dat engersäits, fir Stigmatiséierung ze verhënneren, mee och, well sech Impfe loossen eng Fro vun enger gesamtgesellschaftlecher Solidaritéit wier.