RTL-InformatiounenIsolatiounsdauer gëtt ëm 4 Deeg fir geimpfte Leit verkierzt

Roy Grotz
Och soll et explizitt verbuede ginn, fir Covidschnelltester via Visiokonferenz ze zertifiéieren.

Nodeems sech d’Regierung en Dënschdeg intern beroden huet, ginn e Mëttwoch de Moien d’Presidentekonferenz an de Büro vun der Chamber iwwert déi aktuell Covid-Situatioun informéiert.

RTL-Informatiounen no, wëll d’Regierung d’Isolatiounsdauer, wann ee positiv getest gouf, fir geimpften a geboostert Persoune verkierzen, wann déi Leit de 5. a 6. Dag en negative Schnelltest maachen.

Deen Ament kéint een de 7. Dag scho rëm schaffen, also 4 Deeg éischter wéi lo. D’Covid-Zertifikater sollen 9 Méint gülteg bleiwen, genee wéi d’EU dat virgesäit.

An et géif, RTL-Informatiounen, explizitt verbuede fir Covidschnelltester via Visiokonferenz ze zertifiéieren.

E Méindeg hat de Virolog Gérard Schockmel bei eis am Interview erkläert, dat wier eng gutt Optioun fir dem groussen Impakt op d’Wirtschaft an d’Gesellschaft ze reduzéieren, wann een zousätzlech op der Aarbecht d’Mask géif undoen an op déi aner oppasse géif.

Matten an der Omikron-Well geet d’Regierung dann e Schrëtt zréck beim 2G-Plus-Regime. Bis elo huet sech jo jiddereen, deen nach net geboostert war, missen op der Plaz teste loossen. Mam neie System wier et, eisen Informatiounen elo sou, datt een ouni Test era kënnt, wann ee viru manner wéi 6 Méint seng zweet Impfdosis krut, respektiv sech an där Zäit mat Covid ugestach huet. An de leschte Wochen hat jo besonnesch de Fall vun de Mannerjäreger fir e gewëssenen Ierger gesuergt, well déi sech net nach eng drëtte Kéier kënnen impfe loossen, ma am 2G-Plus-Regime penaliséiert goufen.

Den Ament huet d’Regierung fir e Mëttwoch keng Pressekonferenz geplangt, fir dës Adaptatiounen am Detail z’erklären.

All des Changementer fléissen an en neit Covidgesetz, dat am Nomëtteg soll an der Chamber deposéiert ginn.

D’Santéskommissioun kënnt schon en Donneschdeg eng éischt Kéier fir Berodungen zesummen an den Text kéint viraussiichtlech déi aner Woch gestëmmt ginn. Et ass dat drëtt Covidgesetz an Zäit vu manner wéi dräi Wochen. D’Regierung hat eng éischte Kéier wéinst der Omikron-Well op Hellegowend nogebessert. Eng offiziell Pressekonferenz op där d’Changementer am Detail virgestallt ginn, ass net virgesinn.

RTL News: Isolatiounsdauer fir Geimpfter verkierzt, Ännerunge beim 2G+

Back to Top
CIM LOGO