Op déi Ännerungen huet sech d’Regierung en Dënschdeg gëeenegt an e Mëttwoch d’Chamber informéiert. Si sollen an dat neit Covid-Gesetz afléissen.

Vereedegung Ministeren / Reportage Pierre Jans

Dës nei Mesurë sinn nach net a Kraaft getrueden. D'Regierung huet e Mëttwoch en entspriechende Gesetzesprojet agereecht, deen d'nächst Woch an der Chamber gestëmmt soll ginn.

D’Isolatiounsdauer, wann ee sech mam Coronavirus ugestach huet, geet fir déi geimpfte Leit erof. De 5. a 6. Dag kann een e Schnelltest maachen a wann déi negativ sinn, däerf een de 7. Dag erëm fréizäiteg aus der Isolatioun - an deemno schaffe goen.

"Mir brauche Léisungen, déi eis Capacitéiten net iwwerstrapazéieren", sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert live am Interview. Kontrolléiert ginn d’Schnelltester net. Et wär eng Decisioun fir am Vertrauen ze schaffen.

Da kommen och Ännerungen beim 2G+. Ass ee manner wéi 6 Méint geimpft, muss ee kee Schnelltest méi op der Plaz maachen. No 6 Méint muss een en Test maachen oder geboostert sinn. Aktuell kann ee sech no 4 Méint eng 3. Kéier impfe loossen. Dat wär och recommandéiert.

Paulette Lenert am Interview

D'Regierung géif och jidderengem un d'Häerz leeën, sech fréist méiglech eng drëtte Kéier impfen ze loossen, sou d'Ministesch. Donieft sinn d'Covid-Zertifikater an Zukunft 9 Méint gülteg. Lëtzebuerg hält sech hei un dat wat Bréissel virgëtt.

Jugendlecher kënne sech jo nach net boostere loossen. E Freideg gëtt am Regierungsrot nach emol doriwwer geschwat. Et wär en delikate Sujet an d’EMA huet sech nach net positionéiert. Méiglech wär awer och, datt Lëtzebuerg op deem Punkt net op d’EMA waart.

D’Paulette Lenert ass och op d’Kritik agaangen, datt Mesurë séier änneren a kee méi richteg wéisst, wat gëllt. Et wär een ebe gejot vun den Tatsaachen, sou d’Ministesch. Et géif een et als Flicht ugesinn, séier ze handelen a flexibel ze bleiwen. Dat hätt säi Präis.

D'Schreiwes vun dem Staatsministère a vun der Santé

COVID-19: Réduction de la durée d’isolement des personnes testées COVID-19 positif, fixation de la durée de validité des certificats de vaccination réduite à 9 mois et adaptation du régime CovidCheck 2G+ (05.01.2022)

Communiqué par : ministère d'État / ministère de la Santé

 

Durée d’isolement

En date du 4 janvier 2022, le Conseil de gouvernement a approuvé un projet de loi proposant de maintenir la durée maximale d’isolement à 10 jours pour les personnes qui ne disposent ni d’un schéma vaccinal complet ni d’une vaccination de rappel réalisée endéans un délai de six mois.

Si les personnes infectées sont vaccinées voire ont reçu une vaccination de rappel, le projet de loi propose de ramener la durée maximale d’isolement à un maximum de 6 jours à condition que les personnes concernées réalisent deux tests antigéniques rapides respectivement le 5e et le 6e jour de leur isolement et que le résultat soit à chaque fois négatif.

Durée de validité des certificats de vaccination

En accord avec la Commission européenne, la durée de validité générale des certificats de vaccination sera fixée à 270 jours (9 mois) à compter de la date à partir de laquelle le schéma vaccinal est considéré comme complet[1].

Régime CovidCheck 2G+

Le projet de loi approuvé par le Conseil de gouvernement en date du 4 janvier 2022 propose que soient désormais dispensées de l’obligation de test sous le régime CovidCheck 2G+ les personnes suivantes:

  • celles disposant d’un schéma vaccinal complet de moins de 180 jours,
  • celles ayant reçu une vaccination de rappel, et
  • celles qui disposent d’un certificat de rétablissement.

 

[1] Voir article 1er, point 27°, de la loi modifiée 17 juillet 2020 portant introduction d’une série de mesures contre la pandémie COVID-19.