D’CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen huet se als «Gewurschtels» bezeechent. Déi gréisst Fraktioun an der Chamber kéint zwar mat der Verkierzung vun der Isolatiounszäit liewen, allerdéngs bräicht een nach eng wëssenschaftlech Basis, déi géing garantéieren, datt d’Omikron-Variant tatsächlech manner laang ustiechend ass.
D’Martine Hansen huet och begréisst, datt d’Regierung d’Schnelltester erëm géing nei entdecken, mä hei freet si sech wat d’Philosophie ass. Well engersäits ginn an de Betriber mam 3G just zertifiéiert Schnelltester acceptéiert, mä bei Leit, déi tatsächlech infizéiert sinn, sollen elo einfach Schnelltester, déi ee selwer mécht an ouni Kontroll, agefouert ginn. D’CSV-Fraktiounscheffin freet sech ob d’Regierung dat net esou decidéiert huet well et u Schnelltester géing feelen.
D’Martine Hansen huet och d’Ännerunge beim neien 2G+ och begréisst, mä kritiséiert, datt dat elo réischt geschitt, well d’CSV hätt scho viru Wochen drop higewisen, datt nach net jidderee sech konnt boosteren, sou d’Martine Hansen.
Well d’Gesetz bannent 4 Wochen dräi Mol wäert geännert gi sinn, kéimen der CSV-Fraktiounscheffin no d’Leit net méi no an et kéint een net méi esou virufueren. Dowéinst huet si nach emol gefuerdert, datt ouni Zäit ze verléieren eng generell Impfflicht kënnt.
Och d’Deputéiert vun déi Lénk, d’Myriam Cecchetti, ka mat den Ännerunge liewen, “mä dat hätt een awer och scho virdrun kënne maachen”. Si huet kritiséiert, datt bei all deenen Ännerungen d’Leit d’Iwwersiicht géinge verléieren. Genee ewéi d’Martine Hansen huet d’Myriam Cecchetti betount, datt fir esou Mesuren ze decidéieren, een d’Mesuren och wëssenschaftlech soll kënne beleeën. Et kéint een och net einfach d’Isloatiounszäit erofsetzen well d’Wirtschaft am Moment steet.
De Piratendeputéierte Sven Clement huet dann ënnerstrach, datt d’Oppositioun scho virun 2 Wochen op d’Feeler higewisen hättem, déi d’Regierung elo géing verbesseren. De Sven Clement huet och bedauert, datt aus dem 2G+ elo en «2G-Plüsschen» géing ginn. Hien huet d’Gefill, d’Regierung wéilt d’Infektiounszuelen esou “kënschtlech” kleng halen, fir net mussen anzegestoen, datt si d’Kontroll verluer hätt. Well laut der europäescher Autoritéit fir Krankheeten (ECDC) wier d’Kontroll bei engem Positivitéitstaux vu 5% bei de PCR-Tester verluer, och zu Lëtzebuerg wier een elo iwwer 20% ukomm, sou de Sven Clement. Hien huet drun erënnert, datt d’Piraten dofir sinn, datt méi getest gëtt, fir d’Leit méi fréi ze detektéieren an hien huet sech gefrot, firwat de Large Scale Testing net reaktivéiert gëtt.
D’ADR bedauert iwwerdeems, datt d’Regierung hir eegen 3G-Reegelung an der Aarbechtswelt fäerte géing a probéiert d’Reserven opzefëllen. Dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser no ass et “d’Angscht vun der Regierung, datt vill Leit sech vu Mëtt Januar u wéinst der 3G-Reegelung krank schreiwe loossen”.
RTL News: Isolatiounsdauer fir Geimpfter verkierzt, Ännerunge beim 2G+