Mat oder u Covid-19 gestuerwen. Eng Ausso, déi een dacks liest oder héiert. Wat ass iwwert d’Zuelen aus Lëtzebuerg gewosst a wéi een Impakt huet de Vaccin?

Wie gëtt als Covid-Doudege gezielt?

Zu den Affer gi souwuel déi Persoune gezielt, déi u Covid-19 gestuerwe sinn, wéi och Persounen, déi mat Covid-19 verscheet sinn. Mënschen, déi also virun hirem Doud e rezente positive PCR-Test haten, ginn an der Statistik gezielt. Aus dem Gesondheetsministère gouf et dës Erklärung: Une personne décédée d'un infarctus du myocarde ou d'un accident de voiture et qui présentait un test PCR positif sera également déclarée comme «Covid-Doudegen».

Wat weisen international Etüden?

An der Universitéitsklinick zu Regensburg (1) goufen an der éischter Well Autopsië bei Covid-19-Doudegen duerchgefouert. D'Auteure kommen zur Conclusioun, datt nach quasi all d'Patiente géife liewen, wa se net Covid-19 kritt hätten.

Och d'Uniklinik Hamburg-Eppendorf huet 735 Doudesaffer ënnersicht, 618 wieren u Covid-19 gestuerwen (2). International Etüde weise ganz däitlech, datt eng grouss Majoritéit vun de Corona-Doudegen un an net mat der Krankheet stierft.

Wat bréngt d'Impfung?

Vun den 943 Persounen (Stand 21.01.2022), déi zu Lëtzebuerg an de Covid-19-Statistike gezielt ginn, si 509 Mënsche gestuerwen, éier d'Impfung komm ass. Am Grand-Duché goufen déi éischt Persounen den 28.12.2020 geimpft. Vun de 434 Doudesaffer, déi et an de Joren 2021 an 2022 goufen, waren 360 guer net oder nach net komplett geimpft, 74 Mënsche sinn trotz duebeler Impfung no enger Infektioun gestuerwen. Obwuel mëttlerweil knapp 80 Prozent vun de Leit iwwer 12 Joer zu Lëtzebuerg geimpft sinn, ass eng grouss Majoritéit vun den Affer net geimpft.

D'Zuelen aus den USA verdäitlechen dës Differenz ganz kloer.

RTL

© Screenshot / Our World in Data

Sinn zu Lëtzebuerg zanter der Pandemie méi Mënsche gestuerwen?

Op Nofro heescht et vun der Santé, datt een zu Lëtzebuerg Enn 2020 eng Iwwerstierflechkeet gesinn huet. An de leschte Wochen a Méint allerdéngs keng Iwwerstierflechkeet méi konnt observéieren. Als Referenz gouf den europäesche Projet EuroMOMO (3) uginn. Hei ginn d'Memberstaate reegelméisseg Donnéeën era vun de Mënschen, déi an de jeeweilege Länner gestuerwe sinn.

RTL

Sourcen

(1) https://static-content.springer.com/pdf/art%3A10.1007%2Fs00428-020-03014-0.pdf?token=1643113509583--a5417348b9bf758a83fa26ec364f627b4aab0218d1cf1a07e31f0fa2ec11d415ec3c5c9391b6b48bcb4174f3a07b12a54ef1365ed18ecd0630b5d7dfdb102825
(2) https://www.nature.com/articles/s41598-021-98499-3.pdf?origin=ppub
(3) https://www.euromomo.eu/graphs-and-maps/