Och datt musse Mesurë geholl ginn, fir de Fonctionement ze garantéieren. Wéi eng dat sinn, do scheede sech dann awer d’Geeschter. De President vun der nationaler Gewerkschaft vun den Enseignanten, de Partick Remakel an d’CSV Fraktiounspresidentin Martine Hansen, hunn do nämlech aner Iddie wéi den DP-Educatiounsminister Claude Meisch, deen e Méindeg de Moien RTL-Invité vun der Redaktioun war.
D’Schoulen ophalen. Dat soe se alleguerten. Dat wier zu Lëtzebuerg ëmmer eng Prioritéit gewiescht, seet den Educatiounsminister Claude Meisch. Well d’Recht op Bildung muss garantéiert sinn: “Et mécht kee Sënn Schoulen zouzemaachen, wann d’Restauranten, d’Bistroen, de Commerce, de Sport an d’Kultur op sinn. Dat wier net nëmmen de falsche Message, nämlech deen, datt d’Schoul manner wichteg wier, wéi déi aner Secteuren. Mee et wier, wat den Infektiounsverlaf ugeet, och sécherlech kee Benefice.”
Kanner a Jugendlecher wiere schliisslech souwisou dobaussen ënnerwee. Frësch Loft, also de Klassesall lëften, hält de Minister fir eng gutt Mesure géint de Virus. Besser wéi Loftfilteren, well där sollen op nationalem Niveau keng kommen. D’Reaktioun vun der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen op déi Decisioun: “Do geet et a mengen Aen net, datt de Minister mauert. Dee mauert elo scho méi wéi ee Joer. Mir haten d’Loftfilter schonn am Dezember 2020 mat enger Motioun gefrot. D’Gewerkschafte froen et och permanent. De Minister seet andauernd nee. Lo maachen eenzel Gemengen et. Ech mengen awer net, datt dat de richtege Wee ass. Déi Gemengen, déi sech dat kënne leeschten, maachen dat elo, an déi aner hate pech.”
Esou gesäit dat och de President vun der Gewerkschaft vun den Enseignanten, der SNE, de Partick Remakel. Och d’SNE fuerdert zanter dem Ufank vun der Pandemie Loftfilteren. Doriwwer eraus besteet och Onverständnes, datt elo, wou de Virus am stäerksten zirkuléiert, Mesuren am Cycle 1, méi labber gemaach ginn. De Patrick Remakel: “De Ministère huet och am Cycle C1 d’Quarantänsreegele méi labber gemaach. Net méi wann 2 Kanner infizéiert ginn, muss d’Klass a Quarantän, mee ab 6 Kanner. Dat huet ganz vill Risike mat sech bruecht. Do si mir der Meenung, datt do ze séier, ze vill gelackert ginn ass.”
Et hätt een och kéinte soen, datt wann 3 oder 4 Kanner infizéiert sinn, eng Quarantän fir d’Klass néideg gëtt, amplaz ab 6 Kanner.
D’Martine Hansen huet dann och e bëssi d’Gefill et wier: “Loosse mer dat do emol esou lafen”. Verantwortungslos, fënnt si, well Long-Covid bei Kanner nach net genuch erfuerscht wier. Enseignanten a Schüler bräichten elo déi bescht méiglech Previsibilitéit. Dofir soll ee sech mam Schoulprogramm, dee muss duerchgeholl ginn, festleeën.
“Den Ament ass jiddereen opgereegt. D’Enseignantë fäerten se géingen net mam Programm fäerdeg ginn. Da ratteren se doduerch, wat awer net onbedéngt gutt fir d’Schüler ass. Also soll een do einfach kloer soen: Dat Haaptwëssen, dat muss traitéiert ginn”, esou d’Martine Hansen weider.
Wat dat “Haaptwëssen” dann ass, doriwwer misst elo direkt kommunizéiert ginn. A fir d’Schüler a Quarantän misst doriwwer eraus eng national Richtlinn ausgeschafft ginn, datt och si d’Méiglechkeet hunn den Unterrecht online ze suivéieren, sou d’Martine Hansen.