Plagiatsaffär"Regierungsparteie solle Konklusiounen zéien", sou d'CSV

RTL Lëtzebuerg
"Mat senger Plagiatsaffär huet de Premier Xavier Bettel Schued ugeriicht: Zu Lëtzebuerg an am Ausland", sou d’CSV.
Plagiatsaffär Xavier Bettel
“Mat senger Plagiatsaffär huet de Premier Xavier Bettel Schued ugeriicht: Zu Lëtzebuerg an am Ausland”, sou d’CSV.

D’DP, mä awer och d’Koalitounspartner LSAP an déi Gréng misste sech d’Fro stellen, ob se kënnen acceptéieren, datt d’Lëtzebuerger Regierung an d’Land am Ausland u Kredibilitéit verluer hunn, sou den CSV-President Claude Wiseler um Bord vun enger Pressekonferenz.

Hie sot, de Xavier Bettel hätt engersäits u Glafwierdegkeet verluer, mä awer och en deontologesche Feeler gemaach a bewisen, wat ee scho gewosst hätt: nämlech, datt de Xavier Bettel a senger politescher Aarbecht iwwerflächlech wier.

D’CSV mécht also keng direkt Récktrëttsfuerderung, mä wäert sech selwer nach mat hire Parteigremien zesummesetzen, fir weider iwwert d’Plagiatsaffär ze beroden.

Weider Reaktiounen zu der Affär

D’Decisioun, seng Aarbecht trotz der Offer vun der Uni zréckzezéien, géif weisen, datt dem Staatsminister de Ruff vun der Wëssenschaft an der wëssenschaftlecher Aarbecht, grad wéi de Ruff vun der Uni Nanzeg net egal ass, seet den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum. Och vun engem Imageverloscht wéinst der Plagiatsaffär wier net ze schwätzen:

“De Premier gëtt op déi Aarbecht bewäert, déi e mat senger Partei mécht. Déi e mat senger Regierungsekippe mécht. E gëtt bewäert, ob Decisiounen, déi en hëlt. Wa mer ufänken, sou wäit an de Passé zrécksichen ze goen, wa Feeler gemaach gi sinn. Ech wëll awer och ganz kloer nach eng Kéier soen, datt ech de Rapport vun der Uni Nanzeg gelies hunn an och de Statement vun den zwee Rapporteure gelies hunn. Ech mengen, ech stellen awer fest, datt d’Uni confirméiert, datt d’Praxissen an d’Virgabe vu virun 20 Joer anerer waren, wéi dat haut de Fall ass. An datt een dat Ganzt awer muss mam Brëll vun deemools kucken.”

Fir den LSAP-Fraktiounspresident Yves Cruchten ass d’Affär elo zou. D’Plagiatsaffär wier sécher net gutt fir de Premier gewiescht, deen doduerch vläicht e Knacks hätt, mä fir hie géif et kee Grond um Xavier Bettel senger Integritéit ze zweiwelen. Der Koalitioun géif déi dote Saach awer op alle Fall net schueden.

Ganz kritesch äussert sech de Piratendeputéierte Sven Clement, dee vun enger Faveur schwätzt, déi d’Uni Nanzeg dem Staatsminister mécht, fir seng Aarbecht nodréiglech ze verbesseren. All Student kéint dat an Zukunft als wëllkommen Excuse benotzen, wa se beim plagiéieren erwëscht ginn. Hei géif déi wëssenschaftlech Integritéit mat Féiss getrëppelt. Et hätt een e bëssche Gefill, datt hannert de Kulisse verhandelt gouf.

De Xavier Bettel huet d’Technologie benotzt an domadder säin Directeur de mémoire vläicht e bësschen ausgetrickst. Wat problematesch fir d’Uni war, war, datt den Directeur de mémoire sech direkt no de Revelatioune komplett virun de Xavier Bettel gestallt huet a gesot huet, dat wier och haut nach ok. An d’Uni hat jo bal kee Choix méi, well en eminenten Directeur de mémoire ze desavouéieren als Uni, dat wier jo och komesch eriwwerkomm. Sou datt ech schonn d’Gefill hunn, hei gouf mat alle Mëttele probéiert e bësschen an der Method net nëmmen ‘Saving Private Xavier’, mä och nach ‘Saving the Directeur de mémoire’.”

Politologin vun Uni.lu nennt Konklusioune vun Nanzeg “frëndlech”

D’Politologin vun der Uni Lëtzebuerg Anna-Lena Högenauer bleift derbäi, de Premier Xavier Bettel huet 1999 fir säin “Diplôme d’études approfondies” (DEA) op der Uni Nanzeg ganz Textpassage kopéiert, ouni den Auteur ze zitéieren an huet domadder kloer plagiéiert. D’Analys vun den Experten, déi fir d’Université de Lorraine d’Thees no de Revelatioune kontrolléiert hunn, nennt si am RTL-Interview “frëndlech”.

D’Uni Nanzeg hat zwee Wëssenschaftler chargéiert, d’Aarbecht vum DP-Politiker op Plagiat ze iwwerpréiwen. Ee vun der Uni selwer an een Externen. Si kommen anonym zu ënnerschiddlechen, awer dach doucë Konklusiounen, déi d’Anna-Lena Högenauer, déi den DEA fir den Online-Magazin Reporter am Oktober schonn am Detail analyséiert hat, op alle Fall net deelt an esou interpretéiert:

“Es kann etwas mit akademischen Traditionen zu tun haben. Es kann auch etwas damit zu tun haben, dass zumindest einer der Gutachter intern ist von der Universität und vieleicht auch ein Interesse hat die Uni zu schützen. Wie gesagt, die meisten Kommentatoren aus dem akademischen Kreis, die sich vorher geäussert haben sahen das eher strenger. Auch französische Professoren. Zum Beispill aus dem Institut d’études politiques haben das eigentlich als eindeutigen Plagiatsfall verwertet.”

D’Université de Lorraine hätt sech allgemeng an der ganzer Affär net sou gescheit verhalen, mengt d’Professorin, andeem se engersäits op soi-disant aner Critère verweist, déi virun 20 Joer en Place gewiescht wieren - obwuel dat net stëmmt - an den Androck géif ginn, datt d’Zitéiere just fir Dokteraarbechte relevant wier. Domadder géifen déi aner Ofschlëss entwäert ginn.

“Die Definition von Plagiat als das Abschreiben von Texten ohne Quellenangaben die gab es auch schon damals. Es war auch damals schon verboten. Es war schwerer es auszedecken. Klar, damals gab es keine Software. Aber das heisst ja nicht, dass es erlaubt ist. Zum Beispill werden ja in Luxemburg viele Hauseinbrüche nicht aufgedeckt und die Täter werden nie gefasst. Aber das heisst ja nicht, dass Sie einfach bei ihrem Nachbarn ins Haus einbrechen können. Ich kann auch aus meiner eigenen Erfahrung sagen, Ich habe 2001 studiert und dass wir von Anfang an zitieren mussten.”

Datt Ex-Studenten nodréiglech d’Chance kréien, eng Aarbecht ze korrigéieren, wier net onüblech, de Fait, datt et sech hei awer net ëm iergendee fréiere Student, mä ëm den aktuelle Premier vun engem Nopeschland handelt, kéint do natierlech awer och eng Roll gespillt hunn.

“Ja es ist schon möglich, dass das eine Rolle gespielt hat. Dass man da etwas diplomatischer vorgeht. Zum Beispill vorgeschlagen hat, dass nachgebessert werden kann.”

Datt de Xavier Bettel säin DEA elo fräiwëlleg zréckzitt, hält si fir déi richteg Decisioun, fir e Schlussstréch ënnert déi ganz Affär ze zéien, fir déi e sech jo och entschëllegt hätt.

RTL-Artikel: Suivi vun der Plagiatsaffär: Decisioun vun der Université de Lorraine ass do, Premier zitt DEA zeréck

Back to Top
CIM LOGO