Suivi vun der PlagiatsaffärDecisioun vun der Université de Lorraine ass do, Premier zitt DEA zeréck

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Université de Lorraine dem Premierminister hir offiziell Decisioun matgedeelt.
© AFP

An der Affär ëm e méiglecht Gefuddels vum Premier Xavier Bettel bei sengem DEA, engem “Diplôme d’études approfondies”, op der Université de Lorraine am Joer 1998, ass de Premier e Méindeg d’Decisioun vun der Uni gewuer ginn. D’Uni huet en Dënschdeg an engem ëffentleche Schreiwes wësse gedoen, datt eng Rei Deeler vum Dokument als “Form vu Plagiat” kënne gesi ginn an hunn de Premier opgefuerdert, d’Aarbecht z’iwwerschaffen. Wann dat net géing geschéien, kéint d’Uni dem Premier seng Aarbecht zeréckzéien. De Xavier Bettel huet en Dënschdeg matgedeelt, den DEA vu sech aus zeréckzezéien.

An engem vum Staatsministère verfaasste Communiqué zu der Decisioun vun der Université de Lorraine gëtt betount, dass d’Praxis vum Zitéieren an d’Instruktiounen am Kader vun der Aarbecht, wéi se virun 20 Joer üblech waren, applizéiert gouf. Et géif sech och hei net ëm eng klassesch Thees, mä ëm eng Synthees handelen, also eng “Compilatioun vun Dokumenter”. Och dëst war deemools am Kader vun engem DEA normal.

De Premier huet ënnerstrach, dass hien deemools keen täusche wollt, d’Uni géif och unerkennen, dass et sech ëm en “Travail original” handelt. D’Sourcë goufen an der Bibliographie uginn, ma eenzel Textpassagë goufen awer net adequat mat separate Referenze markéiert, sou dass dës als “eng Form vu Plagiat” kéint gesi ginn, esou de Premier en Dënschdeg. De Xavier Bettel kéint den DEA awer halen, wann déi Passagen, déi feelen, nodréiglech bäigefüügt géife ginn.

Trotzdeem huet de Staatsminister decidéiert, d’Universitéit ze bieden, säin DEA zeréckzezéien. Domat wéilt hien all Zweiwel iwwert d’Aarbecht aus dem Wee raumen an e generelle Vertrauensverloscht an déi akademesch Aarbecht evitéieren. De Premier bedauert d’Situatioun, entschëllegt sech bei der Universitéit a biet dës, seng Decisioun z’acceptéieren.

Ouni Rektifikatioun kéint d’Uni den DEA zeréckzéien

D’Université de Lorraine huet en Dënschdeg selwer och ee Communiqué op hirem Internetsite publizéiert, an deem si méi am Detail op d’Decisiounen aginn. Zwee Rapporteuren hätten d’Enquête gefouert, an och dem Premier säi fréieren Directeur du Travail vum DEA wier gelauschtert ginn. Eng Rei Deeler vum Dokument kéinten de Rapporteuren no als Form vu Plagiat gesi ginn, well dës Passagen net richteg gekennzeechent goufen.

Dohier biet d’Universitéit de Premier, säin DEA ze iwwerschaffen an d’Aarbecht domadder och konform zu den aktuellen Zitatstandarden ze maachen. “Ouni dës Mise à jour gesäit d’Université de Lorraine sech gezwongen, vun hiren Instanze gebrauch ze maachen, an den DEA-Diplom méiglecherweis zeréckzezéien”, heescht et am Schreiwes. Dem Premier wier dës Decisioun den 31. Januar matgedeelt ginn.

Enn Oktober 2021 hat “Reporter.lu” jo gemellt, dass et an der Aarbecht vum Premier Xavier Bettel vill Plaze géife ginn, déi op e Plagiat hätt kéinten hindeiten. Zënter hier gouf op eng Äntwert vun der Université de Lorraine gewaart.

De President vun der Université de Lorraine am Interview

De President vun der Université de Lorraine, de Pierre Mutzenhardt, gëtt ze bedenken, dass dem deemolege Student Bettel seng Aarbecht weder eng Publikatioun nach eng Theese wier.

De President vun der Universitéit / Reportage Maxime Gillen

„Le DEA à l‘époque c‘était un diplôme dans lequel on faisait un semestre de cours. On avait des examens et on avait des notes avec ces examens. Pour Monsieur Bettel, ces cours étaient essentiellement sur du droit. Et ensuite on avait un deuxième semestre où on faisait ce qu‘on appelle un stage de DEA, comme on fait un stage dans ses études. Et ce qui était appelé DEA n‘est que le rapport de stage. Donc il ne s‘agit pas d‘une publication scientifique comme une thèse, comme un article scientifique ou comme un livre qu‘on publierait.“

Alles an allem fënnt d‘Universitéit awer, dass dem Xavier Bettel seng Aarbecht wuel eng eegen Aarbecht wier, bei där Dokumenter compiléiert an e Resumé dovu gemaach gi wieren. Gläichzäiteg kéinten awer effektiv Deeler vum Text als eng Form vu Plagiat ugesi ginn, well d‘Auteuren hei net korrekt zitéiert gi wieren.

“Plagiat or not Plagiat?”

D‘Universitéit huet de Xavier Bettel dowéinst gefrot, seng Aarbecht esou séier wéi méiglech ze verbesseren. Ma dat huet de Premier refuséiert. Au contraire freet hien d‘Universitéit, fir säi ganzen Diplom z‘annuléieren.

Prozedur, fir den DEA zeréckzezéien

Eng Decisioun, déi de President vun der Uni Nanzeg regrettéiert. Ëmmerhi wieren dëst jo just Verbesserunge vun der Form an net vum Contenu gewiescht. Och un der Note géing sech näischt méi änneren.

Eng Note ënnert der Moyenne

De President ass awer net der Meenung, dass dës Affär der Reputatioun vun der Uni geschuet huet.

Kee Reputatiounsverloscht

Hei de komplette Communiqué vum Staatsministère:

Réaction de Xavier Bettel à la décision de l’Université de Lorraine concernant son travail de DEA de 1998 (01.02.2022)
Communiqué par : ministère d’ÉtatD’Université de Lorraine huet mir gëschter (31.01.2022) hier offiziell Decisioun zu der Aarbecht matgedeelt, déi ech 1998 am Kader vu mengem DEA (diplôme d’études approfondies) geschriwwen hunn.
D’Universitéit setzt d’Aarbecht ausdrécklech an de Kontext vun der akzeptéierter Praxis vum Zitéieren a vun den Instruktiounen am Kader vum DEA, sou wéi se viru méi wéi 20 Joer applizéiert goufen.
D’Universitéit confirméiert och, datt et sech net ëm eng klassesch Thèse handelt, mee ëm eng Synthèse, also eng Compilatioun vun Dokumenter, sou wéi dat deemools an engem DEA üblech an akzeptéiert war.
Et ass mir wichteg, nach emol z’ënnersträichen, datt ech deemools kee wollt täuschen. D’Universitéit erkennt och un, datt et sech ëm en „travail original” handelt. Ech hu meng Sourcen an der Bibliographie uginn. Gläichzäiteg hunn ech awer eenzel Textpassagen net mat separate Referenze markéiert, wouduerch si als „eng Form vu Plagiat” kënnen ugesi ginn.
D’Universitéit huet decidéiert, datt ech mäin DEA ka behalen, andeems ech déi feelend Referenzen nodréiglech androen.
No grëndlecher Iwwerleeung hunn ech awer fir mech selwer decidéiert, d’Universitéit ze bieden, den DEA zréckzezéien. Dëst fir all Zweiwel iwwert de Merite vum DEA auszeraumen an e Vertrauensverloscht an d’akademesch Aarbecht ze verhënneren.
Ech bedaueren dës Situatioun a bieden d’Universitéit, meng Entschëllegung a meng Decisioun z’akzeptéieren.

***
L’Université de Lorraine m’a fait part hier (31.01.2022) de sa décision officielle concernant le mémoire que j’ai rédigé en 1998 dans le cadre de mon DEA (diplôme d’études approfondies).
L’Université place ce travail explicitement dans le contexte d’une pratique acceptée de citation et des instructions de rédaction concernant le DEA telles qu’elles étaient d’application il y a plus de 20 ans.
L’Université confirme également qu’il ne s’agit pas d’une thèse, mais bien d’une synthèse, c’est-à-dire d’une compilation de documents, comme il était d’usage et accepté à l’époque pour un DEA.
Il m’importe de souligner une fois de plus qu’il n’était pas dans mon intention de tromper qui que ce soit. L’Université reconnaît également qu’il s’agit d’un «travail original». J’ai indiqué mes sources dans la bibliographie. Cela étant, j’ai omis de doter des passages individuels de références de texte séparées, ce qui peut être considéré comme «une forme de plagiat».
L’Université a décidé que je pourrais garder mon DEA après insertion des références textuelles manquantes.
Après mûre réflexion, j’ai néanmoins pris la décision de demander à l’Université de retirer mon DEA. Ceci afin de lever tout doute sur le bien-fondé du DEA et d’éviter une perte de confiance dans le travail académique.
Je regrette cette situation et demande à l’Université d’accepter mes excuses et ma décision.

***
The University of Lorraine informed me yesterday (31.01.2022) of its official decision regarding the paper I wrote in 1998 as part of my DEA (diplôme d’études approfondies).
The University explicitly puts the thesis into the context of accepted citation and drafting instructions within the DEA as practiced more than 20 years ago.
The University also confirms that this paper is not a thesis but a synthesis, i.e., a compilation of documents, as was customary and accepted for a DEA at that time.
It is important for me to reiterate that it was not my intention to mislead anyone at the time. Also, the University recognizes that this is an “original work”. I have listed my sources in the bibliography. At the same time, however, I did not provide separate text references for individual passages, which can be considered “a form of plagiarism.”
The University has decided that I could keep my DEA, upon subsequent insertion of the missing text references.
However, after careful consideration, I have made the decision for myself to ask the University to rescind my DEA. This is to remove any doubts about the merits of the DEA and to avoid a loss of confidence in the academic work.
I regret this situation and ask the University to accept my apology and my decision.

***
Die Universität Lothringen hat mich gestern (31.01.2022) über ihre offizielle Entscheidung bezüglich der Arbeit informiert, die ich 1998 im Rahmen meines DEA (diplôme d’études approfondies) verfasst habe.
Die Universität stellt diese Arbeit ausdrücklich in den Kontext der akzeptierten Zitierweise und der Schreibanweisungen innerhalb des DEA, wie sie vor mehr als 20 Jahren praktiziert wurden.
Die Universität bestätigt auch, dass es sich bei der vorliegenden Arbeit nicht um eine These, sondern um eine Synthese, d. h. eine Zusammenstellung von Dokumenten, handelt, wie sie damals für einen DEA üblich und akzeptiert war.
Es ist mir wichtig, noch einmal zu betonen, dass es damals nicht meine Absicht war, jemanden zu täuschen. Auch die Universität erkennt an, dass es sich um eine „Originalarbeit” handelt. Ich habe meine Quellen in der Bibliographie angeführt. Gleichzeitig habe ich aber einzelne Passagen nicht mit separaten Textverweisen versehen, so dass sie als „eine Art Plagiat” gewertet werden können.
Die Universität hat entschieden, dass ich meinen DEA behalten kann, nach Nachlieferung der fehlenden Textverweise.
Nach reiflicher Überlegung habe ich jedoch die Entscheidung getroffen, die Universität zu bitten, meinen DEA zurückzuziehen. Damit sollen Zweifel an den Verdiensten des DEA ausgeräumt und ein Vertrauensverlust in die akademische Arbeit vermieden werden.
Ich bedauere diese Situation und bitte die Universität, meine Entschuldigung und meine Entscheidung zu akzeptieren.

Back to Top
CIM LOGO