De Wëlzer Buergermeeschter Fränk Arndt steet zënter Ufank Februar am Fokus vun enger Serie Enquêten, déi vum Parquet vun Dikrech ordonéiert goufen.

Am Kader vun der Enquête wéinst illegalen Dechargen an der Gemeng Wolz wieren der Police judiciaire Indicë fir aner méiglech Strofdoten opgefall. Doropshi goufen elo zwou weider Enquêten opgemaach. Engersäits geet et ëm eng méiglech Korruptiounsaffär am Zesummenhang mat Immobilientransaktiounen, an déi de Buergermeeschter, e Promoteur, eng Baufirma an Onbekannter verwéckelt wieren. Déi zweet Affär dréit sech ëm Aarbechten un engem private Chalet, bei deenen och géint d'Naturschutzgesetz verstouss gi wier. An deem Kader goufen et den 9. Februar Perquisitioune bei der Gemeng, beim CIGR zu Wolz, bei engem Promoteur a bei enger Privatpersoun.

RTL hat schonn doriwwer bericht.

Illegal Dechargen

Eng vun den illegale Baudeponië gëtt et schonn zënter Joren. Si gouf benotzt vun ënnerschiddleche Wëlzer Baufirmen, déi méiglecherweis hire Bauschutt dohinner gefouert hunn, fir Fraisen a Kilometer ze spueren. Hannert enger privater Villa, wou eng Baufirma ugemellt war, gouf e gréisstert Lach iwwer Jore verschiddenen Aussoen no bal 10 Meter héich opgefëllt.

De Private Chalet vum Buergermeeschter

Am Kontext vum Chalet sollt de Fränk Arndt géint d'Naturschutzgesetz verstouss hunn. De Chalet um Harderbach steet no un der Sauer an enger Gréngzon, an där dem Gesetz vum 18. Juli 2018 no all Vergréisserungen oder Transformatiounen un enger bestoender Struktur musse beim Ministère a bei der Gemeng ugefrot ginn. Et gëtt gemunkelt, dass d'Renovatioun Aarbechten um Chalet vun Aarbechter vum CIGR WILTZ PLUS ënnerholl goufen, enger sozialer Beschäftegungsstruktur, an där de Fränk Arndt President vum Verwaltungsrot ass. Engem Artikel vum Lëtzebuerger Wort no vum November 2021 streit de Buergermeeschter vu Wolz all Virwërf of.

Den Nopesch-Chalet vum Claude Haagen

Op Ufro beim Kadaster si mer gewuer ginn, dass d'Haischen niewent dem Chalet Arndt dem Landwirtschaftsminister Claude Haagen gehéiert. Engem Artikel vun der Plattform Reporter no, dee parallel zu onse Recherche publizéiert gouf, wieren och un dësem Chalet Renovatiounsaarbechte gemaach ginn. Den Informatioune vu Reporter no goufe beim Chalet Arndt, souwéi beim Chalet Haagen, weder beim Ëmweltministère, nach bei der Naturverwaltung Autorisatioune fir Aarbechten ugefrot. Et kann een dovunner ausgoen, dass d'Aarbechten um Chalet vum Landwirtschaftminister virun 2016 gemaach goufen. Dat si Conclusiounen, déi ee vu Loftopnamen zéie kann. Wa Verstéiss beim Chalet Haagen virleie géifen, wieren déi haut, iwwer fënnef Joer duerno scho verjäert. Wat net de Fall ass vum Nopesch-Chalet Arndt, deen d'Aarbechten op sengem Haischen 2017 gemaach huet, sou den Ëmweltministère.

Aner méiglech Pisten

Wat d'Enquêten ugi ronderëm eng méiglech Prise illegale d'intérêts, Korruptioun an Trafic d'influence, sou kënne mir nëmme spekuléieren. Dës Enquête kéinten am Kontext lafe vu louchë Baugeneemegungen, déi vun der Gemeng accordéiert goufen.

Eng aner Pist kéint e grousse Bauprojet sinn, deen op engem Areal geplangt ass vun iwwer 11 Hektar. De Projet Heidert-Kiel, wou d'Deponie, déi am Fokus steet, Deel dovunner ass.

De Parquet vun Dikrech rappelléiert d'Présomption d'innocence, sou laang enger Persoun hir Schold net bewisen ass.

Ons Recherchë gi weider – Dir kënnt eis hëllefen an dësem Fall oder an aneren Affären. Maacht eis e Mail un dossier@rtl.lu