Bierger si virun allem ëm d’Verkéierssituatioun besuergt
An engem neie Quartier mam Numm NeiSchmelz, tëscht den aktuelle Quartiere Schmelz an Italien, wäerten op 30 Hektar 1.575 Logementer entstoen.
NeiSchmelz heescht den ambitiéise Wunnengsbauprojet zu Diddeleng, dee vum Staat an der Gemeng an Zesummenaarbecht realiséiert gëtt. Op 30 Hektar entsti ronderëm d’Route de Thionville 1.575 Logementer fir ronn 3.700 Persounen. Den Terrain zitt sech vun der Place Fohrmann bis zu dem fréiere Laminoir a gëtt zu de Säiten agegrenzt duerch de Quartier Schmelz an de Quartier Italien, deen deels mat integréiert gëtt. Vill Logementer ginn och zu sougenannten abordabele Präisser ugebueden. 80 Prozent vum Terrain sinn dann a Staatshand, ënnert der Opsiicht vum Fonds de Logement, 20 gehéieren der Gemeng.
E Projet, deem seng Konstruktioun 20 Joer wäert an Usproch huelen, an deen an Etappe wäert realiséiert ginn. Déi éischt Logementer wäerten a 6 Joer fäerdeg sinn. Besonnesch um Site ass, datt och vill industrielle Patrimoine drop ze fannen ass, dee soll zu engem groussen Deel erhale bleiwen. Op enger Infoversammlung e Mëttwoch den Owend hunn déi Gréng Ministeren Henri Kox fir de Logement, an d’Sam Tanson fir d’Kultur iwwer de Projet informéiert, an och den Direkter vum Fonds de Logement, de Jacques Vandivinit an den LSAP-Buergermeeschter vun Diddeleng Dan Biancalana ware fir weider Infoe mat dobäi.
De Projet huet fir d’Bierger awer méiglecherweis nach wäit ewech geschéngt. Vun den 150 Leit déi an de Centre Culturel Opderschmelz komm waren, haten der just wéineg Froen zum neie risege Quartier. Ënner anerem op genuch Schoulen a Crèchen ageplangt wieren. D’Explikatioune vun de Responsabelen am Virfeld vun de Froe waren also wuel zefriddestellend. De Jacques Vandivinit hat schonn a sengem Discours erkläert, datt déi schwéierst Phas elo direkt am Ufank wier, wann d’Stroosseninfrastruktur fir de Quartier geschafe gëtt. Hei géing gekuckt ginn, d’Repercussiounen duerch de Chantier op d’Leit déi ronderëm wunnen, sou kleng wéi méiglech ze halen.
De grousse Sujet, deen den Diddelenger wuel méi ënnert den Neel brennt, haten déi Responsabel sech awer fir de Schluss opgehuewen. Et goung bei dësem ëm d’Mobilitéitskonzept fir d’Stad. A fir dëst den Diddelenger ze erklären, war de Gréngen Transportminister François Bausch nach no den Tripartitverhanndlungen zu Senneng, direkt op Diddeleng komm. «Diddeleng ass geseent mat Eisebunnen, mee geplot mat Barrièren», sou de Minister direkt am Ufank, an huet domat och schonns d’Introduktioun ginn, wourëms et an den nächste 15 Minutte goe sollt. Sou vill wéi méiglech Zuchbarrièrë sollen an der Stad suppriméiert ginn. An enger éischter Phase emol déi bei der Gare am Zentrum. Duerno dann Dudelange-Usines an zu engem spéideren Zäitpunkt méiglecherweis 2 weiderer, woufir awer nach Analyse lafen. Ënnert der Gare am Zentrum soll en Tunnel an Zukunft den Autosverkéier leeden. De Grond fir dës Aarbechten, déi 2026 sollen ugoen, sollen erméiglechen, datt vun 2028 u kënne vun Diddeleng aus 2 Direktzich pro Stonn an d’Stad fueren. E Vëlosexpresswee soll dann och iergendwann Diddeleng mat der Haaptstad verbannen. En Datum gouf hei e Mëttwochowend net genannt.






D’Bierger bloufen awer bis um Schluss skeptesch vun der Iddi. Si hu sech gefrot, wéi dat da soll besonnesch déi nächst Jore funktionéieren, wou och nach dee grousse Chantier op der A3 elo ugaangen ass. De François Bausch huet betount, datt hie kengem eppes wéilt virmaachen. Hie wéisst, datt déi nächst 5 bis 6 Joer géinge schwiereg ginn, d’ganzt Land wier den Ament e Chantier, mee dono hätt jiddereen eng däitlech besser Liewensqualitéit. Mam Auto misst een an Zukunft zu Diddeleng, wann d’Barrièrë suppriméiert sinn, awer méiglecherweis deen een oder aner Ëmwee fueren.
Och no der Iddi vun engem Train-Tram hu verschidde Bierger gefrot. Dat wier analyséiert ginn, an awer net méiglech, well eng Tram net mam Schinnennetz vun der CFL kompatibel ass, sou de Minister.



