An eiser Serie iwwert d’Stroossbuerger Strooss gëtt et sou lues spéit. Déi meescht Geschäfter sinn zou, den Trottoir gëtt scho bësse méi eidel an awer ass nach Liewen an der Stroossbuerger Strooss. D’Restaurante si gutt gefëllt an an de Caféen a Bare gëtt vum Weekend profitéiert.
Eng vun de Baren hei an der Strooss gehéiert den 3 Kolleegen Henrik Jensen, Sergio Costa an Tim Probyn. 2004 sinn Diere vun hirer Sportsbar opgaangen. Eng Bar an der Stroossbuerger Strooss war net onbedéngt hire Plang, mee si hate wëlles, eng Bar opzemaachen, wou ee Billard spille kann. Dofir brauch ee vill Plaz fir vill Dëscher. Deementspriechend waren dës Raimlechkeeten op der Stroossbuerger, déi eenzeg, déi gepasst hunn. Haut hu si hir Bar op eng Kichen, Darts, e Kicker a Pingpong-Dëscher erweidert. Ma dës Aktivitéiten a Kombinatioun mam Iesse kënnt gutt un. Dëscher si voll, d’Billarden all besat, et gëtt giess, gedronk a gelaacht. All méiglech Clientèle léisst sech hei blécken.
Ma och wa si éischter zoufälleg an der Stroossbuerger Strooss gelant sinn, fille si sech hei immens wuel. “Probleemer ginn et keng an och d’Clientèle kënnt mëttlerweil gären heihinner. Mir fannen d’Ambiance hei ganz gutt, erzielt den Henrik Jensen. “Fréier haten zemools d’Fraen e Problem, hei an d’Stroossbuerger Strooss ze kommen, ma wa se bis eng Kéier hei waren, komme se ëmmer erëm, sou de Sergio Costa.
An de Caféen a Bare vum Quartier gutt gefeiert, geet et fir déi meescht duerno heem. Ma zemools Jonker, déi e bësse méi laang ënnerwee sinn, huele sech da mol gären en Hotelszëmmer am Zentrum. Dat ass e Phenomen, wat och den Antoine Medda iwwert déi lescht Joren observéiere konnt. Zënter 2 Joer leet hien ee vun den Hotellen an der Stroossbuerger. Bei dëser Clientèle géif et sech ëmmer ëm kleng Grupp vu Kolleegen handelen, déi zwar zu Lëtzebuerg liewen, sech awer den Heemwee erspuere wëllen a sech dofir en Hotelszëmmer hei op der Gare fir eng Nuecht deelen. Iwwert d’Woch sinn a sengem Hotel éischter Geschäftsleit ze fannen, déi berufflech e puer Deeg zu Lëtzebuerg sinn. Dës maache ronn 80 Prozent vun hire Gäscht aus, an der Reegel bleiwe si dann och nëmmen 1 bis 2 Nuechten.

Wat d’Ambiance an der Stroossbuerger Strooss ugeet, hunn den Hotelsdirekter a seng Mataarbechter näischt ze bekloen. D’Nuechte verlafe fir d’Receptioniste meeschtens roueg. Zwar wier an der Strooss heiansdo méi Kaméidi, d’Personal stéiert sech dodrun awer net: “Mir sinn dru gewinnt.” Bei verschiddene Gäscht kënnt dat awer net esou gutt un. Zemools e Grupp Drogendealer, déi sech reegelméisseg op der anerer Stroossesäit versammelen, ginn an de Kriticke vun de Gäscht dacks ernimmt.

Ob een dann elo doduerch Cliente verléiert, kann de Sergio Medda net esou soen. “Déi meescht Leit, déi op d’Gare an den Hotel kommen, wësse wei d’Situatioun an esou Quartieren ass. Den Tram iwwerdeems ass e grousse Virdeel. Vill Gäscht buche genee dowéinst en Zëmmer an eisem Hotel, well den Tram gratis ass. Allgemeng ass den ëffentlechen Transport e grousst Verkafsargument”, sou den Direkter vum Hotel.
Am 7. a leschten Deel vun der Serie iwwert d’Stroossbuerger Strooss begleede mir de Lëtzebuerger Museker T the Boss an d’Claire Schadeck vum CID Fraen an Gender an der Nuecht duerch d’Strooss. Wat kann ee maachen, fir sech sécher ze spieren? Ginn et hei Ënnerscheeder tëscht Fra a Mann? A wéi eng Erfarunge mécht ee sou, wann een nuets ënnerwee ass? Dat gitt Dir um Sonnden am leschten Deel iwwert d’Stroossbuerger Strooss gewuer.
1. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Eng Strooss mat vill Geschicht, déi een och haut nach gesäit2. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Fréibiren fir déi éischt Geschäftsleit an der Stroossbuerger Strooss3. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Zesumme mat enger Léierin an À vos côtés virun der Schoul4. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Zwee Restaurateuren - Familljebetrib vs. “trendy” a nei5. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Multikulturalitéit, déi een och an de Butteker erëmfënnt