Zu Viichten ass 1994 e Bauer beim Baggeren op Mosaicke gestouss, déi hien erëm zougeschott huet.

Neien Ament a Saache Mosaik vu Viichten. De Finanzministère huet RTL confirméiert, dass de Staat zënter Enn 2020 Proprietär ass vum Terrain, op deem weider Deeler vun der Réimer-Villa stoungen.

Et war eng Decouverte, déi de Réidener Kanton a méi genee d’Uertschaft Viichten 1995 iwwer d’Grenzen eraus berüümt gemaach huet. Um Terrain vun engem Bauer hunn d’Archeologen e Mosaik aus der Réimerzäit fräigeluecht, deen am Staatsmusée ausgestallt ass. D’Iwwerreschter vun der Villa leien nach ëmmer ënnert dem Buedem an déi Terraine sinn zënter gutt engem Joer och an der Hand vum Staat.

Biller vum Irène Pissinger-Engelmann (1995)

Et gouf net nëmme kee Gedäisch, mee et huet carrement keen iwwer deen Tosch vun Terraine geschwat. 2020, kuerz no Chrëschtdag war dat, um Akt steet den 28. Dezember. Viru geschwënn annerhallwem Joer also schonn. Eng laang Zäit, wann een zréckkuckt op d'Gedeessems ronderëm deen dach awer spektakuläre Fond aus de Joren 200 - 300 no Christus, deen haut an d'Rei gesat a schéi protegéiert hanner Stater Muséesmauere läit.

De Mosaik vu Viichten war keng isoléiert artistesch Folie matzen op enger eideler Gewan, mee en Deel vun enger zimmlech schicker, réimescher Villa. Eng historesch Decouverte, déi a Gefor war. Vestigen aus der Réimerzäit leien ëmmer nach zu Viichten nieft Stall a Mëschtekaul. Et wier e Gebai an U-Form gewiescht, de Mosaik louch an der Entrée a sollt engem Lach fir Gülle Plaz maachen. De lénken Deel vun der Villa war 1995 schonn zerstéiert.

Eng fatzeg Kompensatioun krut de Proprietär schonn deemools, e Prozess hat gehollef – déi Kéier gouf laang verhandelt, um Enn kënnt een deem, deem säint et war, nach eng Kéier ferm entgéint. De comité d'acquisition vum Finanzministère tauscht mam Här a Meeschter a kritt 3 Hektar, 66 Ar an 3 ca Land, op deem viru méi wéi 1.700 Joer Réimer, déi sech gutt stoungen, Fester gefeiert hunn. Dat kéint een eigentlech elo och maachen, als Patrimoine-Begeeschterten oder vläicht besser waarden, bis de fréiere Besëtzer net méi Piechter ass – den 1. November 2026 ass en ab.

OMNIA BONA ERUNT, hofft de Réimer. Alles gëtt gutt!? Dat neit Denkmalschutzgesetz soll esou katastrophal Situatiounen ewéi déi ronderëm de Mosaik vu Viichten op alle Fall an Zukunft am Sënn vu méi Rechtssécherheet verhënneren.

Detailer iwwer de Site vu Viichten an de Fond vun deemools ginn et d’nächst Woch op Radio an Tëlee Lëtzebuerg am Kader vun eiser Serie iwwer dat neit Denkmalschutzgesetz. Mir weisen Iech do och bis elo onbekannte Biller vun dëser Decouverte aus dem Joer 95.