
Betraff waren Automate vun der Post, der BIL, der BGL, der Spuerkees an der Raiffeisenbank. Verschidde vun dësen attackéierten Automate goufen nees vun de Banken opgemaach, aner bloufen zou a goufen ausgebaut. Wéi vill Sue fortkoumen, deelen déi geschiedegt Banken net mat.
Datt et hei am Land relativ vill esou Attacken op Automate ginn, läit och drun, datt et einfach vill Bankomater um Territoire vum Grand-Duché ginn. Ëmmerhin 107 op 100.000 Awunner. An den aneren Euro-Länner läit dee Chiffer bei just ronn 64 Automaten op 100.000 Leit.
Dës Informatioune liwweren d’Ministere Yuriko Backes an Henri Kox op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den ADR-Deputéierte Fred Keup a Fernand Kartheiser.
De Modus Operandi ass änlech wéi bei Bankomatsprengungen am Ausland. De materielle Schued bei deenen Iwwerfäll ass meeschtens ganz héich. D’Brigange sinn a Banden organiséiert an duerch a ganz Europa aktiv.
Dës Bankomater goufen zanter 2018 gesprengt:
