E Méindeg sinn an der LuxExpo d'Diere fir déi éischt Schoul-Foire opgaangen, déi bis de 4. Mee dauert.

D'Studentefoire ass jo fir déi, déi mam Lycée fäerdeg sinn, ma d'Schoulefoire soll elo och deenen aus der Primärschoul d'Méiglechkeet ginn, fir sech ze orientéieren ier et an de Lycée geet.

3 Halen, 17.000 Quadratmeter a ronn 50 Lycéeë sinn op der 1. Editioun vun der "YEP Schoulefoire" vertrueden. Dës Foire ass geduecht fir déi, déi nach an der Primärschoul sinn a virun der grousser Entscheedung stinn, a wat fir ee Lycée se ginn a wat déi eenzel Lycéeën ubidden vu Beruffer, déi ee léiere kann.

1. Editioun vun der "YEP Schoulefoire"

Fir eng 3iëme aus dem Iechternacher Lycée goung et schonn éischter op d'Foire, hir Aufgab, well se op enger Graffiti-Optioun sinn, de Stand vum Zenter vun der Lëtzebuergescher Sprooch ze besprayen. Hire Konschtproff Anneke Hansen wëll domadder weisen, wat et alles an de Schoule vun Optiounen gëtt, wat et fréier net gouf.
Vu Studente fir Studenten, an dëst an 3 Halen, wou een am Zentrum den Educatiounsministère fënnt, deen engem all néideg Informatioune liwwert. E Méindeg ass donieft och Léierplazendag a vun en Dënschdeg bis e Mëttwoch steet nach déi 10. Editioun vun de Lux Skills um Programm. Niewent den Informatiounsstänn vun de Lycéeë fënnt een eng ganz Rëtsch Workshoppen, sou dass ee bestëmmt dat fënnt, wat engem hoffentlech als Beruff gefält.