Et bleift bei 2.000 Euro Geldstrof fir den Daniel Frères

© RTL-Archiv
De Montant vun 2.000 Euro aus éischter Instanz gouf domat confirméiert, déi 6 Méint Prisong op Sursis goufen awer net zeréckbehalen.
Dem Daniel Frères, President vun der Déiereschutzorganisatioun "Give us a voice" a fréiere Parteipresident vun de Piraten, war virgehäit ginn, en Hond ouni Accord vun der Proprietärin opréiere gelooss ze hunn, an en hir och net zréck ginn ze hunn. Den Déiereschützer huet awer behaapt, d'Déier wier maltraitéiert ginn. D'Proprietärin hätt doriwwer eraus hiren Accord fir d'Operatioun ginn a se hätt den Hond zu all Ament kënnen zréckkréien.
Um Appellsgeriicht gouf hien en Dënschdeg zu enger Geldstrof vun 2.000 Euro verklot. Domat gouf dëse Montant aus éischter Instanz confirméiert. Déi 6 Méint Prisong op Sursis aus éischter Instanz goufen net zréckbehalen.