Maternité EttelbréckModel vun Télémedezin a Samu-Neonatal als Hëllef fir Anästhesisten

Tim Morizet
"Déi nei Reegelung ass eng kloer Verbesserung fir d'Sécherheet vun de Puppelcher", esou de Constat bei de Spezialisten aus der Maternité vum ChdN.
Neie Model tëscht ChdN an CHL fir legale Kader ausgeschafft
“Déi nei Reegelung ass eng kloer Verbesserung fir d’Sécherheet vun de Puppelcher”, esou de Constat bei de Spezialisten aus der Maternité vum ChdN.

E Freideg hat d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op der RTL-Antenne ugekënnegt, datt d’Maternité zu Ettelbréck nees den 1. Juni hir Dieren opmécht. Et wier en neie Model – eng Kollaboratioun mam CHL - ausgeschafft ginn, deen dës Woch nach soll finaliséiert ginn. E Schrëtt an déi richteg Richtung.

Et wollt keen déi Maternité zoumaachen, se war och net onsécher, et goung réng drëm, juristesch Onkloerheeten aus dem Wee ze raumen. D’Pediatere wiere gutt forméiert, ma déi an der Lëtzebuerger Peripherie wieren net ausgebilt, fir Reanimatioune vu Kanner, déi mat Problemer op d’Welt kommen, ze maachen. Dem Gesetz no awer muss e Pediater dobäi sinn.

Dr. Pit Duschinger, Ettelbrécker Gynekolog & President vun der Gynekologe Societéit: “Et geet drëm, datt mer kee Kannerdokter musse ruffen, wann eppes an der Nuecht geschitt. Mee, datt den Anästhesist, ewéi bis elo och, mee da legal, dës Prozedur kann duerchféieren. Et geet drëm, datt déi Leit juristesch ofgeséchert sinn.”

Zwee Drëttel vun den Anästhesisten hunn eng offiziell Ausbildung fir neonatologesch Reanimatiounen. Am Kader vun der Reouverture vun der Maternité den 1. Juni soll elo jiddwereen dës Ausbildung um CV hunn.

Dofir ännert sech elo um Terrain an Zukunft am Fong guer näischt. Eis Kanner waren och bis elo all déi Jore ganz gutt versuergt. Well déi lescht Joren d‘Anästhesisten dës Reanimatioun vun den Neigebueren iwwerholl hunn.”

Den annoncéierte Model vun der Télémedezin an dem Samu-Neonatal, mat deene Personal aus der Maternité an der Stad an engem Noutfall séier an d‘Nordspidol bruecht ka ginn, ass just e weidere „Surplus“, also eng Hëllef fir den Anästhesist.

Wann deen amgaangen ass, déi Reanimatioun vum Puppelchen ze maachen, dann ass en Neonatolog an der Stater Kannerklinik dobäi, deen dës iwwer Video mat suivéiert. Eng Kamera ass op d‘Kand dirigéiert, eng op d‘Moniteure vum Kand. Sou kann den Anästhesist deemno wéi nach en Tuyau vun engem absolutte Spezialist op Distanz kréien. An där Zäit, wou dat geschitt, fiert en Neonatolog an der Stad fort – net an enger Ambulanz, mee an engem séieren Auto mat bloe Luuchten, fir datt dës Persoun esou séier ewéi méiglech kann zu Ettelbréck oder Esch ka sinn.”Nom Samu-Neonatal ass et dann d’Arrivée vun der Ambulanz vum Service Neonatal aus dem CHL - sollt en Transfert néideg ginn. Et ass eng Strategie, déi bis den 1. Juni fir d‘Reouverture – kéint – opgoen.

Et ass u sech e System, deen excellent ka lafen. Do si vum Ministère vill Efforte gemaach ginn. D‘Neonatologe krute bal véier nei Vollzäit-Beschäftegter dobäi. Dat ass vill.” Eng gutt Léisung, mee ee grousse Problem bléift bestoen an zwar d‘Penurie u Personal. D‘Gesondheetsberuffer wiere laang net méi esou attraktiv, ewéi se viru 25 Joer waren. D‘Maternitéen sinn – de facto – déi Unitéit, déi am meeschten ënnert dem Spezialistemanktem leit.

Dr. Pit Duschinger
Dr. Pit Duschinger
© Didier Weber

RTL News: CHL iwwerhëlt IRM-Zenter um Potaschbierg, Ettelbrécker-Maternité geet nees op

Back to Top
CIM LOGO