An eiser neier Serie kritt Dir eng Rei Iddien a Projete virgestallt, wéi d'CO2-Bilanz vun all Awunner bis 2050 kéint reduzéiert ginn.

"An Zukunft musse mer bauen a wuessen, net andeems mer eis ausbreeden, mee andeems mer dat, wat mer scho gebaut hunn, intensivéieren." Dat seet de Philippe Nathan vum Architektebüro "2001". Hien ass Deel vun enger vun de 4 Ekippe vun der Consultatioun "Luxembourg in Transition". An enger Serie kucke mer dës Woch op eng Partie konkret Projeten, déi ausgeschafft goufen, fir d'CO2-Emmissiounen hei am Land ze reduzéieren. An do geet et en Dënschdeg op Helfent.

Luxembourg in Transition Deel 2 / Rep. Claudia Kollwelter

Nieft den Dierfer am Land, déi de gréissten Deel vum Lëtzebuerger Territoire ausmaachen, ginn et eng ganz Partie Zonen, déi tëscht Gemeng an urbanen Zentere sinn an héich ekipéiert sinn a Punkto Infrastrukturen. Do géif sech d'Fro stellen, wéi een déi anescht gebrauchen a méi produktiv maache kann, erkläert den Architekt Philippe Nathan. Helfent hätt sech dofir gutt ugebueden:

"Well et ganz no bei der Stad ass, a vill ekipéiert ass, hu mer gekuckt, wéi een Helfent zu engem Quartier maache kann, wou d'Leit anescht liewen an erliewe kënnen, anescht produzéieren a konsuméiere kënnen. Helfent huet vill Potenzial, wat zum Deel haut ënnerbenotzt ass, an anersäits deelweis guer net consideréiert gëtt."

Déi aktuell PAGe gesi vir, datt d'Wisen, déi fir d'Déieren an d'Landwirtschaft benotzt ginn, an Zukunft bebaut ginn. Dat wier e Problem:

"All Kéiers wa mer bauen, op eng Wiss, huele mer Potenzial ewech, fir CO2 ze bannen an ze absorbéieren an anersäits iwwersi mer oft, datt et net just de bebaute Metercarré ass, mee domat och vill ëffentlech Infrastruktur kënnt. Déi muss iergendee matfinanzéieren an droen an Zukunft."

Nieft dem CO2-Ausstouss misst ee sech also froen, wéi de Staatshaushalt ekonomesch gestemmt ka ginn. Fir d'Ressourcen u Landschaft ze erhalen, muss also enzwousch anescht gebaut ginn. Zu Helfent zum Beispill géifen aktuell vill bebaute Flächen, just fir Parkingen oder Hangare benotzt ginn, déi CO2 ausstoussen, zu Iwwerhëtzung bäidroen an de Waasserproblem verschlëmmeren:

"An op genee deene Surfacë kënnen mer an Zukunft anescht a besser Wunnengen, déi méi abordabel sinn, bauen. Sou datt méi Leit kënnen dovu profitéieren an dat a Kombinatioun mat enger Landschaft déi schéin a produktiv ass.

Dat Ganzt misst dem Architekt no an verschidden Etappe gemaach ginn. Flächen, déi scho bestinn, sollen elo anescht genotzt ginn, an wa verschidde Gebaier, déi elo schonn do sinn, um Enn vun hirer Liewensdauer ukomm sinn, solle se duerch aner Typpen ersat ginn. An dat ouni Bësch ofzerappen oder op Wisen ze bauen an ouni elo villes, wat schonn do ass ofzerappen, huet de Philippe Nathan nach erkläert.

Am 3. Deel vun eiser Serie schwätze mer e Mëttwoch iwwert den Impakt vun der Ernierung op eisen CO2-Foussofdrock a wat do wéi ka geännert a verbessert ginn.