Eng grouss Majoritéit an der Chamber affirméiert de Prinzip, dass zu Lëtzebuerg d'Ofbrieche vun enger Schwangerschaft legal ass.

De gesetzleche Kader deen de fräiwëllegen Avortement zanter 2014 erlaabt, soll grondsätzlech protegéiert ginn. Eng entspriechend Resolutioun op Initiativ vun der DP-Deputéierter Carole Hartmann gouf 56 Jo- géint 4 Nee-Stëmmen ugeholl.

Chamber diskutéiert Avortement/ Rep. Pierre Jans

D'Parteien hunn d'Resolutioun begréisst, déi virun allem e symbolesche Charakter huet, nodeems den Ieweschte Geriichtshaff an den USA leschte Freideg d'Recht op Avortement annuléiert huet. En Dënschdeg hunn géint d'Decisioun an den USA eng 150 Leit virun der amerikanescher Ambassade an der Stad demonstréiert.

Ëmmerhi geet et hei och ëm d'Gesondheet vu ville Fraen, erkläert d'Cécile Hemmen vun der LSAP. "Ouni natierlech den moraleschen an traumateschen Aspekt ze vergiessen, bei Fraen, déi Affer gi si vu Vergewaltegungen, oder awer Inzest a villem méi."

Och d'CSV ënnerstëtzt d'Resolutioun vun der Carole Hartmann ouni Awänn.

Et ass keng Iwwerraschung: eenzeg d'ADR war géint d'Resolutioun an der Chamber. D'Gesetz vun 2014 géif just eng Depenaliséierung duerstellen, esou de Fernand Kartheiser.

"Zu deem bekenne mir eis, och wa mir eng aner Approche hunn. Mir si fir eng Indikatiounsléisung. Eis Prioritéit ass net nëmmen d'Recht vun der Fra, mä awer och d'Recht vum Kand op Liewen. Artikel 1 vum Gesetz. Déi zwee muss een ëmmer gesinn. Am Noutfall däerf een en Avortement net ausschléissen."

De Reproche, déi aner Parteie géifen den Avortement banaliséieren, war beim Fernand Kartheiser erauszehéieren. An déi Deputéiert, déi no him d'Wuert hat, huet sech decidéiert géint d'ADR-Approche gestallt. D‘Myriam Cecchetti vun déi Lénk:

"De Kierper gehéiert der Fra an d'Fra huet och e Recht e Choix ze hunn. Et kann net sinn – ech soen et elo – dass wäiss, al a gro Männer, oder Männer déi mengen, se hätten eppes iwwer d'Fraen ze soen, de Frae virschreiwen, ob se e Kand ausdroen oder net."

Déi Lénk fuerderen, dass d'Recht op Avortement an der Constitutioun verankert gëtt. An den Ae vun déi Gréng misst et eng Nomenclature fir d'Ofdreiwung ginn. Josée Lorsché erkläert:

"Mir hu keen Tarif drop, an do menge mir als Gréng, dass awer nach muss nogebessert ginn. Well wann ee wëll erausfannen, wéi vill Fraen iwwerhaapt an déi Situatioun geroden, da fënnt ee keng Zuelen, da fënnt ee keng Donnéeën."

Do wär nach sou munches opzeschaffen.

D'Pirate sinn iwwerdeems der Meenung, dass d'Rechter vun de Fraen nach méi wäit musse goen.

"Mir hunn nach ëmmer Fraen, déi vun hiren Doktere gesot kréien, wann se bewosst no enger Sterilisatioun froen, se wäre jo nach ze jonk. Wann se jo da bestuet wären, da géife se jo sécher nach eng aner Meenung dozou hunn. Dat heescht, mir hunn nach keen universellen Accès zu verschiddene Saachen. Och d'Spiral ass nach ëmmer e Problem. Vu verschiddenen Doktere gëtt se refuséiert. Do kréie Frae gesot: nee waart mol."

Et muss nach vill Opklärungsaarbecht geleescht ginn, mengt de Sven Clement vun de Piraten.