Wéinst engem Brand am Beräich vun der Kräizung Rue Principale/Rue de Canach koum et e Freideg zu Perturbatiounen am Trafic.

E gréissere Brand gouf et e Freideg an der Scheier vun engem Bauerenhaff zu Réid an der Gemeng Waldbriedemes. Kuerz no 17 Auer gouf d'Feier an der Réimescher Strooss gemellt.

Duerch d'Läschaarbechten hätt och kënne verhënnert ginn, dass d'Flamen op eng aner Scheier niewendrun iwwergräifen.

Eng gutt Stonn, nodeems d'Pompjeeën op d'Plaz komm waren, war de Brand ënner Kontroll, bis kuerz virun 1 Auer an der Nuecht op e Samschdeg waren d'Ekippen am Asaz. Am Ganzen waren eng 70 Pompjeeën op der Plaz, wéi de CGDIS mellt.

Et si weder Mënschen nach Déieren blesséiert ginn.