D'Héichiewen um Belval sti fir Räichtum, Wuelstand a sécher Aarbechtsplazen. An dëst wärend Joerzéngten. Haut erënnere si un eng längst vergaangen Zäit.

Zanter 1911 gëtt et d'Schmelz zu Esch/Belval. Den 30. Oktober viru bal 111 Joer ass den éischten Héichuewen um Belval ugefuer. Ugangs goufen et der am ganze 6 Stéck, zum Schluss nach just 3. Fir 1992 war geplangt, den Héichuewe B um Belval vu Grond op z'erneieren. Duerno wär et um C gewiescht. Et koum allerdéngs aneschtes.

Mir schreiwen den 31. Juli 1997. Viru genee 25 Joer gouf de leschten Héichuewen hei am Land symbolesch ausgeblosen: De B um Belval. E batteren Dag deemools fir d'Schmelzaarbechter. 750 Leit, déi bei den Héichiewe geschafft hunn, ware vun dëser Mesure concernéiert.

Donneschdes den 28. August 1997 owes um 18.30 Auer huet déi leschte Stonn fir den Héichuewe B gelaut. Bis dohinner gouf nach de Recht Aglom a Koks vun der ARBED verschafft.

1970 gouf den Héichuewe B zu Esch/Belval gebaut. 27 Joer méi spéit goung eng Ära zu Lëtzebuerg op en Enn.