Lëtzebuerg, dat räichst Land vun der Welt oder am räiche Lëtzebuerg gëtt de Risk, an d’Aarmut ofzerutschen, vu Joer zu Joer méi grouss.
Esou Sätz suerge reegelméisseg fir Diskussiounen. Datt et och am Grand-Duché ëmmer scho manner bemëttelt Mënschen gouf, ass Fakt. Leit, déi op der Strooss gelieft hunn. Weesekanner an och Prisonéier.
No hirem Dout, hu si an der Stad eng Plaz um Fetschenhaff fonnt. E Kierfecht, deen och e Symbol vun der haiteger Aart a Weis ass, fir mat der Vergaangenheet ëmzegoen.
Verstuerwener, déi vun der Stad e Graf an e Sarg zur Verfügung gestallt kruten. Ënnert hinne Leit, déi op der Strooss fonnt goufen, a Weesekanner. Si kruten e wäisst hëlzent Kräiz op d’Graf. D’schwaarz Schof ënnert hinnen awer hunn hir Schold och nom Doud weider mat sech gedroen. E schwaarzt Kräiz gouf et fir d’Prisonéier.

“Am Dout si mir all d’selwecht a mir hu wéi gesot alleguerten d’Recht op Espoir, dat gëtt hei gewisen. Mee d’Gesellschaft huet deemools nach méi a Kategorie geduecht, wéi dat nom Krich de Fall war an an deem Moment gouf eben drop higewisen, datt deen een en anere Passé hat wéi deen Aneren”, erkläert eis de Robert Philippart.

Den Historiker schafft zesumme mat mat der Stater Gemeng déi ofgelafe Konzessioun op a kuckt, wat fir eng Griewer op Grond vun hirer Ästhetik, Architektur oder dem Personnage erhalenswäert sinn.
D’Stater Gemeng schafft da mat klassesche Marbrerie zesumme fir d’Griewer historesch korrekt opzewäerten, esou de Ben Moes vum Service Bâtiment. D’Steng ginn esou gefléckt, datt se nees eng Zäitchen gutt halen.
“Dat heescht, mir hu gekuckt, datt et statesch propper do steet, datt et net no riets oder no lénks ewechkippt, op engem gudde Fundament steet an déi nächst Jore geschützt ass viru Moos oder soss Verschmotzungen. Et gesäit een um Graf - d’Kräiz ass schonn eemol sou fixéiert ginn an dat gehéiert zur Geschicht vum Graf dofir hu mir dat sou gelooss.”
Griewer, déi fortkommen ginn iwwregens recycléiert. D’ Buschtawe z.B. goufe fréier dacks speziell gemaach. Schrëften a Gréissten, déi een haut also net méi esou fënnt. Déi al ginn dofir fir weider Restauratiounsaarbechte gehalen. Op de renovéierte Griewer fënnt een och alt mol e QR-Code, erkläert eis nach de Luc Theis vum Service Cimetière.
“Dat sinn effektiv Dossieren, déi vum Herr Philippart zesummegestallt goufen. Ech war selwer um Niklos-Kierfecht an do war eng däitsch Koppel, déi ware ganz iwwerrascht, datt do e QR-Code war. Si hunn en du gescannt an dat huet e gudden Androck hannerlooss.”
Mir begéinen zum Schluss nach en alt Graf. Net a Gemengerhand, mee de Kappstee fält geschwënn ëm. A sou engem Fall schreift de Service Cimetière de Concessionnaire un a ka geféierlech oder lassen Deeler iwwregens am Noutfall no e puer Rappeller och wechhuelen.
RTL NEWS: Lëtzebuerg fréier an haut (2) - Kleng, charmant an nach ëmmer do: De Café zu MecherRTL NEWS: Lëtzebuerg fréier an haut (3) - Traditiounsberuff Schräiner: Klassescht Handwierk mat modernem TouchRTL NEWS: Lëtzebuerg fréier an haut (4) - Lescht Géisserei zu Lëtzebuerg: En traditiounsräiche Familljebetrib