Lëtzebuerg fréier an haut (2)Kleng, charmant an nach ëmmer do: De Café zu Mecher

RTL Lëtzebuerg
Et ginn der ëmmer manner... Al Lëtzebuerger Caféen oder typesch Bopebistroen, wou d’Duerfliewe geschitt an d’Leit zesummekommen, fir e Patt ze drénken.
Kleng, charmant a nach ëmmer do: De Café zu Mecher
Et ginn der ëmmer manner... Al Lëtzebuerger Caféen oder typesch Bopebistroen, wou d’Duerfliewe geschitt an d’Leit zesumme komme fir e Patt ze drénken.

Dacks si se net méi rentabel oder et ass ganz einfach kee méi do, deen de Betrib iwwerhëlt. Domat geet all Kéiers e Stéck Patrimoine a Lëtzebuerger Kultur verluer. Am Café Pfeiffer zu Mecher ginn d’Kollegialitéit trotzdeem nach ëmmer gefleegt.

Lëtzebuerg fréier an haut: Café zu Mecher/Danielle Goergen

Zu Mecher schwätzt kee vum Café Pfeiffer. Do heescht et ganz einfach “Mir gi bei d’Marie-Rose”. D’Marie-Rose Pfeiffer ass dat, d’Wiertsfra an de ganze Stolz vum butzege Bistro. Si huet de Café 1985 iwwerholl, iwwregens nach ëmmer hir Heemechtshaus. D’Elteren hate virdrun eng Epicerie dran. “Owes gouf hei mat der Kaart gespillt”, erkläert si. “1974 krute mir de Comptoire a vun ’91 un hunn ech e Faass Béier. Virdrun hat ech ëmmer Fläschen.”

An den Nopeschdierfer ginn et scho laang keng Caféë méi. Vun do kommen och déi 4 Stammclienten, déi een ëmmer Méindes Owes hei fënnt – den Dëm, de Jang an d’Kolleegen. Beim Marie-Rose ass et familiär a gemittlech, soe si, en Duerfbistro eben. An da gëtt een och alt mat Taart gelackelt, selwer gebak. “Da kënnt ee gären”, laache si, “ëmmer, wa mir ufänke mat lappen, da kënnt si nees mat eppes Klengem”.

D’Marie-Rose Pfeiffer
Et ginn der ëmmer manner...Al Lëtzebuerger Caféen oder typesch Bopebistroe wou d’ Duerfliewe geschitt an d’ Leit zesumme komme fir e Patt ze drénken.

Am Café géif och ni e Radio oder Fernsee lafen, erkläert den Dëm. Et misst ee matenee schwätzen an dat géif am grousse Ganze verluer goen, mengt iwwerdeems nach de Jang Koutenko. “Dat ass Schued...”

D’Marie Rose hat virun e puer Méint aus gesondheetleche Grënn och mam Gedanke gespillt fir opzehalen, sech awer decidéiert, fir trotzdeem zäitweis opzemaachen. Déi 4 do kéint ee jo net um Dréchene loossen, laacht si. “Mir probéieren... Esou laang, wéi ech kann, maachen ech et och.” Un deene 4 soll et net hänken. Si bleiwen der Wiertsfra trei. De Café Pfeiffer war esouguer mat deen éischten, wou net méi huet dierfe gefëmmt ginn.

D’Marie-Rose Pfeiffer (2)
Et ginn der ëmmer manner...Al Lëtzebuerger Caféen oder typesch Bopebistroe wou d’ Duerfliewe geschitt an d’ Leit zesumme komme fir e Patt ze drénken.

Vum Alkohol bleift d’Wiertsfra selwer iwwregens wech. Et misst jo een aniichter bleiwen, mengt nach ee vun de 4 Kolleegen.

Hei déi aner Deeler vun dëser Serie:

RTL NEWS: Lëtzebuerg fréier an haut (1) - De Fetschenhaff a seng DoudegRTL NEWS: Lëtzebuerg fréier an haut (3) - Traditiounsberuff Schräiner: Klassescht Handwierk mat modernem TouchRTL NEWS: Lëtzebuerg fréier an haut (4) - Lescht Géisserei zu Lëtzebuerg: En traditiounsräiche Familljebetrib

Back to Top
CIM LOGO