“Charly Krau-Wood & More” gouf 2020 gegrënnt a bréngt klassesch Schräineraarbecht a modernen Design zesummen.
Den Charly Krau war vu klengem u vum Handwierk begeeschtert. Hien huet scho fréi dierfen eng Hand mat upaken, wann de Papp oder de Monni eppes geschafft hunn. Vu vir eran stoung dofir fest: Hie wollt mat den Hänn schaffen. Wou et op 9ieme geheescht huet, Mecanicien oder Schräiner, sollt et um Enn d’Meeschterprüfung am Holzhandwierk sinn. Méi spéit huet hie seng Passioun an engem kollektive Makerspace nei entdeckt an éischt Projete realiséiert.
„Ech war do vun aneren Independanten ëmginn an dat huet engem scho Loscht gemaach. Dee Gedanken huet dunn e puer Joer geräift“, esou de geléierte Schräiner. 2020 huet hien dunn de Sprong gewot a matzen an der Pandemie en eegene Betrib gegrënnt.
Dobäi war d‘Pandemie net onbedéngt de Problem. „Eng Schräinerei, ouni eppes ze iwwerhuelen an ouni e Numm an der Schräinerei ze hunn, dat war e bëssen de Problem, fir bekannt ze ginn an dat un d‘Rullen ze kréien.“
Ugangs wollt hien eleng schaffen. No engem hallwe Joer hätt hien awer gemierkt, datt hien d‘Aarbecht net eleng packt. „Well een e Produit ganz selwer schaaft an da kënnt och déi ganz Bürosaarbecht dobäi.“
D’Joer drop huet hie sech dofir en ale Kolleeg aus der Meeschterschoul un d’Säit geholl. Zesumme mam Bene Becker schaaft hien nei Miwwel aus Massivholz. Gären och mol ausgefale Projeten.

Déi Zwee sinn awer och grad esou frou, fir engem ale Miwwelstéck en neit Liewen ze ginn, z.B antik Dëscher oder Ierfstécker, déi en héijen emotionale Wäert hunn, ze restauréieren. „Dat mécht eis eng Freed, fir e modernen Touch mat eran ze bréngen. Woubäi mir awer ganz traditionell schaffen a bewosst op déi 5 klassesch Schräinermaschinne zeréckgräifen. Et ass näischt computergesteiert. Mir maachen alles op der Hand“, erkläert den Charly.
Am Atelier steet den Ament en alen Dësch fir auserneen ze zéien. Si hätten am Ufank gerätselt, aus wat fir engem Holz e gemaach ass, erzielt de Bene Becker. Dat wier net ëmmer evident, jee no Alter oder wéi et verschafft, respektiv traitéiert gouf. Als Schräiner misst een d‘Holz awer liese kënnen, dat géif ee mat der Zäit Léieren. D’ Kuliss um Dësch geet scho laang net méi. „Holz ass e liewegt Material. Dat schafft ëmmer, och no 200 Joer“. Déi al Kuliss um Dësch hätt sech iwwert d‘Jore verformt a wier dofir net méi ze gebrauchen. Elo soll eng mechanesch eran.
Et wier wichteg, nei Schräiner auszebilden, fir d’Zukunft vum Beruff weider ze garantéieren. Mam Sascha Urgau hunn déi Zwee sech dofir en neie Léierbouf mat bäigeholl. Hien hat iwwer d‘Pandemie decidéiert, fir de Beruff ze wiesselen. „Ech hu mat Bekannte geschwat an déi hunn och gemengt, datt et warscheinlech schwéier gëtt, e klenge Betrib ze fannen, dee mir de Beruff och richteg bäibrénge kann. Ech war natierlech frou, wou ech dunn d‘Zouso krut, fir hei kënnen unzefänken.“
D‘Zukunft fir d‘Schräinerei, grad wéi fir vill aner handwierklech Beruffer gëtt keng einfach, mengt den Charly. „Et feelt iwwerall un Handwierker, mee et geet net duer sech doriwwer ze beschwéieren. Dofir musse mir Leit ausbilden.“
Den Charly Krau kéint sech virstellen, eng Kéier zu 6 am Betrib ze schaffen. De Betrib soll awer kleng bleiwen, no um Client, familiär a - grad wéi hir Miwwel - charmant.
RTL NEWS: Lëtzebuerg fréier an haut (1) - De Fetschenhaff a seng DoudegRTL NEWS: Lëtzebuerg fréier an haut (2) - Kleng, charmant an nach ëmmer do: De Café zu Mecher RTL NEWS: Lëtzebuerg fréier an haut (4) - Lescht Géisserei zu Lëtzebuerg: En traditiounsräiche Familljebetrib