Am leschten Deel vun eiser Serie "Lëtzebuerg fréier an haut" gi mir e Familljebetrib kucken, deen d'Lëtzebuerger Industriegeschicht matgepräägt huet.

D'Fonderie Massard zu Keel gouf 1873 gegrënnt an ass déi leschten Eisegéisserei hei am Land. De Géisserbetrib ass mam Serge Wurth mëttlerweil an der 5. Generatioun. Dobäi war et ugangs e renge Schlässerbetrib.

D'Fonderie Massard / Reportage Danielle Goergen

D'Bridder Henri a Jean Massard hu sech deemools op Minières-Buggië spezialiséiert. D'Waggone goungen an der Zäit esouguer bis an Irland. Fir och d'Rieder kënne selwer ze produzéieren, koum dunn eng kleng Géisserei dobäi. De Familljebetrib huet sech dunn iwwer d'Joren ëmmer nees missen upassen.

Haut, bal 150 Joer méi spéit, géisse si haaptsächlech Stécker fir de Maschinnebau oder schaffen am Konschtgoss. De Serge Wurth huet als Kand schonns an der Géisserei gehollef a war séier vum Flëssegeise faszinéiert. 2007 huet hien de Betrib iwwerholl. Dat hätt net just en emotionale Wäert, mee hie wier och immens houfreg ,fir deen traditiounsräiche Betrib an och de Numm kënne weiderzeféieren. Säi Papp, de Frank Wurth, ass mat 80 Joer nach ëmmer dobäi.

RTL

Serge a Frank Wurth. / © Danielle Goergen / RTL

Buggië stinn awer scho laang keng méi hei. Haut spezialiséiere si sech haaptsächlech op Stécker fir de Maschinnebau oder schaffen am Konschtgoss. Den Ament géisse si Pottoe fir de Quai vun enger Berliner Gare, ganz am ale Style. 15 Stéck musse bis Oktober fäerdeg sinn.

RTL

E Potto fir eng Berliner Gare. / © Danielle Goergen / RTL

D'Deutsche Bahn hätt nach ni mat Goss an hiren Infrastrukture geschafft. 2016 hätt een dofir schonns eng ganz Homologéierungsprozedur misse maachen, esou de Serge Wurth. De Goss gëtt, fir datt d'Pottoen net ënnert der Laascht vum Daach briechen, extra traitéiert.

Ronn 75 Prozent vun der Produktioun ginn an d'Ausland haaptsächlech an Däitschland exportéiert. Bis an d'80er Joren hätt ee just Projeten hei zu Lëtzebuerg realiséiert. Dat géif awer ganz einfach net méi duergoen. Et hätt een awer och haut nach eng trei Lëtzebuerger Clientèle. Den Ament géif ee beispillsweis d'Clôturen um Notre Dame Kierfecht restauréieren.

RTL

Am Atelier leien och Kanaldeckele fir d'Gemeng Ettelbréck. Hei kréie mir de Prinzip vum Géissen nach eng Kéier vereinfacht erkläert.

De Sand kënne si iwwregens zu 95 Prozent recycléieren. D'Aarbecht vum Former ass iwwerdeems eng ganz wichteg. An den 20er Joren hu Ronn 80 Leit hei geschafft. Haut sinn et der 22, dorënner 11 verschidden Nationalitéiten. U sech eng schéi Saach, mengt de Serge Wurth, mee wéi an deene meeschten Handwierksberuffer feelt et awer och hei u qualifizéierte Leit.

A ganz Mëtteleuropa géif et keng esou Formatioune méi. Dofir misst een d'Aarbechter esou gutt et geet selwer ausbilden oder ebe Leit aus anere Betriber, déi hu missen zoumaachen, rekrutéieren. Tatsächlech géife vill aner Géisser struewelen. Dat wéinst den héijen Energiepräisser. D'Fonderie Massard hätt de Virdeel datt si nach ëmmer mat Koks (Kuel) hëtzen, net mat Gas. Do hätt een eng Präishausse vu Ronn 150 Prozent, dat wier nach ze packen.

RTL

© Danielle Goergen / RTL

Aner grouss Géissereien hätten hir Produktioun scho misse stoppen. Beonrouegend, mengt de Serge. Als leschte Lëtzebuerger Géisserbetrib géife si den Ament awer gutt do stoen. Vue datt si e klenge Betrib sinn a just eemol d'Woch eng Coulée maachen, hire Koppeluewen (klenge Brudder vum Héichuewen) also just eemol d'Woch ufänken, wieren d'Käschten net grad esou grouss.

D'Fonderie Massard kuckt mat Virfreed an d'nächst Joer. Da feiert den traditiounsräiche Familljebetrib säin 150. Anniversaire.

Déi aner Deeler an dëser Serie: