
D’Wort war réischt am Mee d’lescht Joer, also viru bësse méi ewéi engem Joer, Locataire am neie Gebai ginn. Dat neit Gebai mam Numm “Show” gouf vun der Firma Soludec gebaut an et gouf wéi et heescht vun Ufank u Problemer do. Well Schimmel geféierlech fir d’Gesondheet ass an notamment d’Otemweeër vun de Mënsche belaaschte kann, sinn d’Redaktioune vun de verschidde Publikatioune vum Wort schonn op en anere Stack verluecht ginn.
Den Generaldirekter vum Lëtzebuerger Wort, de Paul Peckels, wollt op Nofro hi kee Commentaire ginn. D’Affär wier nach am Gaang. Hie confirméiert awer, datt Diskussiounen tëscht dem Wort, sengem Mammenhaus Mediahuis, dem Promoteur, dem Proprietär vum Gebai, an den Assurancë lafen. De Proprietär vum Gebai ass de Schwäiz-däitschen Investmentfong “Sarasin Sustainable Properties – European Cities”, deen engersäits der däitscher Firma Catella Real Estate AG, an anerersäits der Schwäizer Bank J.Safra Sarasin vun der brasilianesch-libanesesch-griichescher Milliardärefamill Safra gehéiert.

Si haten d’Gebai d’lescht Joer vun der Firma Lafayette, déi den Immobiliëbesëtz vum Bistum geréiert, ofkaaft. D’Gebai huet 14.000 Quadratmeter an d’Bauaarbechten hu Soludec no bal 27 Milliounen Euro kascht.
Laut dem Baustoffverkeefer Benz24.de ass Schimmel bei Neibau ganz heefeg. Experten no géing et souguer keen Neibau ouni Schimmel ginn. Een diploméierten Ingenieur huet ons no Publikatioun vum Artikel dogéint geschriwwen: “Wa richteg gebaut ass, dann ass kee Schimmel do”. Meeschtens wier Schimmel op e liichtfankegen Ëmgank mat Waasser wärend dem Bau zeréckzeféieren. Donieft kënnen och Reen oder niddreg Temperature wärend dem Chantier eng Roll spillen, oder nach wann nom Botzen, Betonéieren an Ofdecke vum Buedem Waasser fräigesat gëtt.
D’Baufirma Soludec huet bis e Méindeg den Owend net zeréckgeruff an d’Spriecherin vun der Gesellschaft, där d’Gebai gehéiert, ass net op den Telefon gaangen.