"Et gëtt ni méi gutt"
D'Relatioun tëschent Patient an Dokter – eng Bezéiung, déi op Vertrauen opgebaut ass. Ma wat geschitt, wann eng Kéier eppes schifgeet?
Et ass wuel d'Ausnam, ma fir déi concernéiert Persoune kënnen d'Konsequenzen enorm sinn: medezinesch Feeler, Feeldiagnosen oder awer och Interventiounen an Traitementer, déi schif lafen, ouni datt den Dokter eppes dofir kann. Dës Thematik gëtt an enger Serie vu Reportagë mat Temoignagen an Explikatiounen opgegraff. Am zweeten Deel vun der Serie geet et ëm eng Fra, déi gesondheetlech scho vill Pech hat.
D'Myriam Mondot fillt sech haut just nach gutt, wa si vill trëppelt, bei laangem Sëtzen huet si Péng, och Iessen ass schwiereg. Si hofft op eng Invaliderent. Zanter 2016 huet si Schwieregkeete wéinst hirem Daarm. Dozou gläich méi, kucke mer fir d'éischt zréck op d'Joer 2006.
"Ech war an déi 30 Joer al an ech hat virdru schwéiert Iwwergewiicht, hunn déi Kiloe verluer an doropshin huet d'Krankekeess mer dann 3 Operatiounen erlaabt ze maache fir eng Reduktioun vun der Haut."
Si huet sech entscheet, fir hir Broscht, hire Bauch an hir Been operéieren ze loossen.
"A bei de Been huet en eppes gemaach, wat een net hätt dierfe maachen, dat hunn ech duerno du bestätegt kritt vun 2 anere Schéinheetschirurgen hei zu Lëtzebuerg, déi gesot hunn: "Dat geet guer net, dat ass net déi richteg Operatioun gewiescht." (...) Dat heescht, ech hunn Narben, déi ewell 40 Zentimeter laang sinn, déi normalerweis no der OP 10 Zentimeter ausmaachen, dat kann och jiddereen noliese goen. (...) wat dann am Fong no sou vill Jore bewierkt, dass dat ganzt erofrutscht, dat ass dann ëm 3 Zentimeter gutt erofgerutscht. Dat hätt en ni dierfe maachen."
Si hat gehofft, datt si sech no hirem Iwwergewiicht no der Operatioun endlech nees géing wuel an hirem Kierper fillen, ma dozou ass et awer net komm.
"Déi ganzen Zäit war dat am Fong ëmmer erëm eng no där anerer déi s du do op de Back kritt hues, wou s de sees: "Ech fille mech net wuel, ech ginn net an eng Piscine, ech weigere mech, fir an eng Vakanz ze goen un d'Mier." All déi Saachen, wou aner Leit soen, oh da géi dach mat, hunn ech da gesot: "Nee ech hunn dat net gär"; wat awer guer net stëmmt, ech hunn dat immens gären, mee ech hunn dat ëmmer probéiert ze vermeiden, fir mech net mussen ze weisen."
Si wollt hir Been no-operéiere loossen, ma bis et dozou koum, huet et nach eng Rei Jore gedauert. 2014 hat si dunn nämlech en Daarm-Duerchbroch. Iwwert déi nächst 2 Joer gouf si 5 Mol operéiert, bis den Daarm endlech gefléckt war, dovunner wier 4 Mol hire Bauch vun uewe bis ënnen opgeschnidde ginn. D'Konsequenz: si huet Péng, kann net laang sëtzen a ka just normal iessen, wa si virdru laang getrëppelt ass.
"Dat Lach, dat war dunn erëm gefléckt, dat ass an der Rei. Mee déi Péng, déi do ass vun deem Drock, dat geet ni méi ewech. Et ass awer kee vun den Dokteren, ouni elo iwwert iergendee wëllen hier ze zéien, mee et ass awer och kee vun den Dokteren, deen dat géing schreiwen a soen: Jo do sinn där Bride bannendran an déi Patientin huet elo déi Problemer an déi begleeden déi Patientin e ganzt Liewe laang a mir ginn do och net méi drun."
Fir hir Been war d'Myriam Mondot mëttlerweil bei engem anere Chirurg, dee si aus eegener Täsch bezuelt huet, 7.000 Euro, fir d'Been no ze operéieren. Ma alles réckgängeg maachen, kéint och deen net. An dobäi sollt et nach net bleiwen.
"Entretemps gouf an engem Scanner festgestallt, dass an enger Prothees vun der Broscht, dass do Bullen dra sinn an dass déi misste remplacéiert ginn, wat no 15 Joer ganz normal ass. Do hu mer alt erëm eng Kéier e Bréif un d'Krankekeess geschriwwen an du krute mer d'Äntwert, dass ech ni Protheesen agesat kritt hunn. Also se si carrement vum Himmel gefall. D'Krankekeess huet se net bezuelt, ech hu se net bezuelt, den Dokter huet se sécherlech net bezuelt, wou kommen se hier? Ech hu se awer."
Deemools hätt si mat hirem Chirurg decidéiert, Implantater anzesetzen, fir datt d'Broscht eng gewësse Form géing halen, ma hien hätt wuel just de Code vun enger Reduktioun vun der Haut opgeschriwwen.
Wéi d'Myriam Mondot sech fir d'éischt bewosst gouf, datt eppes net an der Rei wier, hätt si sech un den Ombudsman geriicht. Den Dokter wier awer just d'accord gewiescht, fir si ouni Ombudsman ze gesinn.
"An du sot ech mer: Jo, wat kënnt beschtefalls dobäi eraus? "Ech maache mäi Feeler rëm gutt"? Nee, du operéiers mech ni méi."
Méi rezent war si och bei en Affekot, fir sech beroden ze loossen, ma den Dokter usichen, wier aus Käschtegrënn net a Fro komm.
"Dat ass fir mech net de richtege Wee an da kommen ech guer net méi aus deem Misär eraus, ech wëll dat einfach ofhaken, ech wëll dat einfach fäerdeg hunn an ech hu keng Loscht, géint iergendeen unzegoen. Dat sollen déi aner maachen, déi d'Geld hunn."
D'Serie am Iwwerbléck
Serie Medezinesch Feeler an Accidenter (1): "War Dir wierklech bei engem Zänndokter?"
INFOKËSCHT
Hutt Dir d'Gefill, datt Dir selwer Affer vun engem medezinesche Feeler gi sidd? Da ginn et verschidden Ulafplazen. Et gëtt de Mediateur Santé, deen a Konflikter tëschent Patient a Gesondheetsprofessionelle schlichte kann, awer och als Informatiounszenter fonctionéiert. Hei fënnt een deemno och d'Kontakter fir all déi aner relevant Instanzen, zum Beispill d'Plaintëkommissiounen an de Spideeler.
Et kann een och eng Plainte maache beim Collège médical oder beim Conseil Supérieur de Certaines Professions de Santé.
D’Patientevertriedung bitt Consultatiounen an Informatiounen un.
Wann ee sech net iwwert eng Mediatioun eens gëtt, huet een och d'Méiglechkeet, d'Persoun unzesichen, jee nodeem wat geschitt ass um Zivilgeriicht oder um Penal.
An et ginn och Recours-Méiglechkeete bei der Gesondheetskeess.
 
                     
                     
                     
                    