ChamberCSV-Deputéiert Viviane Reding huet hir Demissioun agereecht

Roy Grotz
Déi 71 Joer al Deputéiert vun der CSV a fréier EU-Kommissärin demissionéiert vun hirem Posten an der Chamber.
© pressphoto.rtl.lu (Archiv)

Ee Joer virun de Chamberwale gëtt et nach emol e substantiellen, personelle Remaniement an de Reie vun der CSV-Fraktioun, wou et d’Zentrumsdeputéiert Viviane Reding ass, déi den 1. Oktober virun der Chamber-Rentrée zerécktrëtt. En entspriechend Demissiounsschreiwes goung en Dënschdeg un de Chamberpresident Fernand Etgen.

Déi fréier EU-Vize-Kommissiounspresidentin Viviane Reding huet aktuell 71 Joer a sot en Dënschdeg virun der Fraktioun, datt si sech wärend 43 Joer ëmmer agesat hätt, fir Lëtzebuerg an d’EU méi liewenswäert ze maachen.

Als Grond fir hir Demissioun nennt déi fréier Wort-Journalistin d’Transparenz géintiwwer dem Wieler. Zanter 1979 hätten d’Wieler der Viviane Reding an 10 Walen d’Trei gehalen.

PDF: Biografie Viviane Reding

Back to Top
CIM LOGO