Kongress vum LandesverbandEens iwwer Positioun vis-à-vis vu Regierung an a Saache Fusioun mam OGBL

Monique Kater
Um 68. Kongress vum Landesverband louch e Samschdeg Harmonie an der Loft.
68. Kongress vum Landesverband
Et war ee sech beim Landesverband grosso modo eens iwwer d’Positioun vis-à-vis vun der Regierung an a Saache Fusioun mam OGBL.

D’Leit, déi ugetruede waren, fir déi offiziell Posten, goufen all gewielt an ouni Diskussioune gouf eng Resolutioun ugeholl, déi an der aktueller Sozialkris d’Regierung ëm Hëllef freet oder, déi och nach verlaangt, dass déi ugangs annoncéiert Steierreform dann elo awer nach virun de Wale Realitéit gëtt. Et war ee sech grosso modo eens iwwer d’Positioun vis-à-vis vun der Regierung an a Saache Fusioun mam OGBL. Hei gouf et allerdéngs, wat d’Vitesse ugeet, zwou verschidde Meenungen: wärend de fréiere President Nico Wennmacher léiwer als staarke Landesverband an d’Sozialwalen era wëllt goen, ass säi Successeur Georges Merenz méi séier ënnerwee: et sollt een 2024, als Verband, deen d’Fusioun mam OGBL hannert sech huet, untrieden. Jiddereen huet Waasser a säi Wäin geschott an deemno gouf e Samschdeg am Casino zu Bouneweg decidéiert, wat d’Fusioun ugeet, keng Datumen ze fixéieren. Un de Minister Bausch goung e Freideg op der Séance académique dann zb d’Opfuerderung, och an Zukunft Personal an den Zich ze loossen a Lëtzebuerg nees un de Reseau vun den Nuetszich unzeschléissen.

En anere Message goung un de Minister vun der Fonction Publique, hir Leit géifen hei nämlech lénks leie gelooss, sou de Georges Merenz. Et wier ee méi grouss mam OGBL zesummen an dofir d’Warnung vum President un de Marc Hansen, et géife Konsequenzen, wa si an Zukunft net mat um Dësch séizen.

Geschléckt géife si iwwregens net mat dëser Fusioun, mee heiduerch géif ee vill méi staark fir hir Memberen a fir hir Leit.

RTL-NEWS: Déi provisoresch Aglidderung vum Landesverband an den OGBL ass Realitéit ginn

Back to Top
CIM LOGO