Dass Hëtze mat Pellets net méi gënschteg ass, ass mëttlerweil gewosst. Mä wat bedeit de Boom vum Brennmaterial Holz fir eis Bëscher?

D'Demande no de Granuléeë klëmmt a gläichzäiteg feelt duerch de Krich an der Ukrain gënschtegt Holz aus dem osteuropäesche Raum, bei deem den Originn net ëmmer ganz kloer ass.

Zu Biissen ginn d'Pellets produzéiert, an zwar aus Festholz, Seemiel an Huwwelspéin. Vun de Bamstämm gëtt als éischt d'Schuel erofgeholl, éier se gehäckselt a gedréchent ginn. Zum Schluss ginn d'Pellets da mat héijem Drock an hir typesch Form gepresst. 270 Tonne pro Dag ginn hei fir d'Lëtzebuerger Heizungen eraus.

D'Holz wier Offallholz, also Reschter, déi um Enn vun der Produktiounskaskad iwwereg bleiwen. An dobäi wiere se nach lokal, wéi de Gerant vum Wierk, de Patrick Barbedor, erkläert.

"Das Rundholz, was wir geliefert bekommen, ist zu nichts anderem zu anderem zu gebrauchen, ausser zur Pellets-Herstellung. Es ist krumm, es ist krank, es ist zu dünn, zu dick - das heisst, man kann keine Möbel oder Paletten daraus herstellen. Anders wäre das gar nicht zu bezahlen."

Kléngt logesch, mee wat bedeit de Pelletsboom fir eis Bëscher?

Si si wichteg fir d'Klima, si killen, absorbéieren CO2 a produzéiere Sauerstoff. Ma d'gréng Long huet elo schonn den Houscht, dat weist de rezente Bëschrapport. 62 Prozent vun den ënnersichte Beem ware futti. De Roger Schauls, Biolog a Vizepresident vum Mouveco, ass skeptesch, wann et drëms geet ganz Quartiere mat Pellets ze hëtzen. Hie freet sech, ob  een iwwerhaapt esou vill Holz aus lokaler Produktioun huet, fir esou grouss Quantitéiten u Brennes ze produzéieren.

Wat d'Konzept vum Offallholz ugeet, dat ass eng Saach vun der Definitioun. Et ass wéi beim Fleesch: wou fréier eng Panoplie vu gudden a manner gudde Stécker verkaf gouf, ass gëtt et haut just nach Filet oder Gehacktes, erkläert de Marc Parries, fréiere Fierschter:

"De Kuch vun der Ernte, de gëtt net méi grouss. Däers musse mir eis bewosst sinn. A wier elo intelligent virginn, da kucke mir, fir dat Stéck vum Kuch, wou mir wierklech eppes Intelligentes draus maachen, also Charpente, Miwwelen, Trapen, dass dat Stéck esou grouss wéi méiglech gëtt."

Zemools well do den CO2 am Holz däitlech méi laang gespäichert gëtt an net direkt rëm an d'Loft geet, wéi bei der Verbrennung. Fir de bekannten däitsche Fierschter Peter Wohlleben ginn d'Leit op d'A gedréckt, wat d'Produktioun vu Pellets ugeet:

"Diese Abfallprodukte hat man ja früher für was anderes verwendet, ansonsten müsste ja jedes Sägewerk aus vergangenen Jahrzehnten riesige, riesige Haufen Sägemehl hinterm Hof liegen haben, da hat man Spanplatten und alles Mögliche draus gemacht,  und wenn man jetzt aus diesen Dingen Pellets macht, dann müssen die Spanplattenhersteller selber frisches Waldholz kaufen. Also lange Rede kurzer Sinn, es wird mehr und mehr direkt für die Pelletsproduktion eingeschlagen draussen im Wald, und diese Geschichte Kaskadennutzung, das wissen alle Beteiligten am Allerbesten, das funktioniert überhaupt nicht."

Eng Fro vu Prioritéiten also. Well wat duerch de Kamäin geet, kann duerno net méi verbaut ginn.