Op deene leschten 160 Missioune goufen 10% vun all de Vaccinen, zënter dem Abrëll, am Bus gemaach, an déi Responsabel zéien e positive Bilan.

Impfbus / Reportage Dany Rasqué

Ronn 7.000 Leit hu vun deem Service profitéiert. Den 28. Oktober 2022 war dee leschte vun ëm 160 Asätz. Zwar géing déi Offer weiderhi genotzt ginn, ma et misst een och de Käschtepunkt consideréieren. Dernieft bleift d'Fro vun der Bestellung vum Vaccin, déi ëmmer ganz laang am Viraus misst gemaach ginn.

Leschten Impfbus um 28. Oktober

Ëm 100 Impfungen den Dag goufen am Impfbus gesprëtzt. An deene meeschte Fäll sinn d'Leit fir den éischten oder zweete Booster komm. Wëssend, dass viru Kuerzem deen neien, ugepassten Impfstoff vu Pfizer geliwwert gouf, sinn dowéinst wuel déi meeschte Leit komm, esou den Infirmier Jeannot Kettami, deen um leschten Dag zu Miersch am Bus geschafft huet. Et wier och genuch vun dësem Vaccin op Stock. Ma dësen ugepassten Impfstoff kann awer net fir d'Primo-Vaccinatioun benotzt ginn.

Luc Feller: "Dat si Leit, déi vun der Proximitéit profitéieren. Mir gesi generell, datt d'Leit nach méi Proximitéit sichen, wéi am Ufank vun der Impfcampagne. Dat gesi mer, wa mer déi global Zuel vun Impfunge kucken, déi mer am Moment an der Woch maachen. Do gesi mer, dass iwwert d'Hallschent vun den Impfunge bei den Dokteren oder an den Apdikte gemaach ginn an dat schwätzt ganz kloer fir d'Proximitéit, déi d'Leit sichen."

An Tëschenzäit ginn et hei am Land 315 Dokteren, déi d'Corona-Impfung maachen, a 60 Apdikten. Um Lampertsbierg an zu Esch sinn d'Impfzentren nach op an et sinn nach ëmmer mobil Ekippen ënnerwee, déi zum Beispill an d'Altersheemer fueren.

De Luc Feller, Haut-Commissaire à la protection nationale, erkläert, dass et den Ament esou wier, dass d'Zouloossung vun den Autoritéite fir deen neien Impfstoff just fir d'Boosterimpfungen ass, well et eng Opfrëschungsimpfung ass. Mee et wieren Demandë bei den Hiersteller do, fir dee Vaccin och fir d'Primo-Vaccinatioun ze benotzen. Déi Demandë wieren nach net validéiert.

Dowéinst misst och weiderhin de "fréieren" Impfstoff disponibel sinn. Den Akaf vum Vaccin wier allgemeng net einfach. Op der enger Säit géingen d'Konditioune vun de Pharmakonzerner diktéiert ginn. Op der anerer Säit wier et schwéier, am Viraus anzeschätzen, wéi sech d'Situatioun entwéckelt. Aktuell lafen d'Commandë fir Enn 2023/24.

Et wéilt een dobäi awer méi virsiichteg si bei de Bestellungen, wéi nach virun 12 Méint, esou nach de Luc Feller. D'Negociatioune wieren awer extrem komplex a géingen och net vu Lëtzebuerg, mä vun der europäescher Kommissioun gefouert ginn. Dacks géing een dann och eng Minimum-Quote imposéiert kréien, déi d'Länner mussen akafen, fir iwwerhaapt Impfstoff ze kréien. Doriwwer eraus kéint een och net just op ee Produzent setzen, well een net wéisst, wien an 12 Méint och tatsächlech produzéiert. Dat géing dat ganzt och erschwéieren.

Op eng parlamentaresch Fro vun Enn September hat de Gesondheetsministère geäntwert, dass Vaccin am Wäert vun 1,4 Milliounen Euro huet missen zerstéiert ginn. Deemno bleift d'Fro, wéi laang d'Europäesch Unioun op d'Konditioune vun der Pharmaindustrie ageet.