Firwat et sou ville Leit schlecht gouf, misst elo am Kader vun den Ermëttlunge gekläert ginn, esou d'Police op eis Nofro hin.

Nodeems et enger Rei Leit op engem Bal zu Ell e Méindeg schlecht ginn ass, hunn zwou Persoune Plainte deposéiert - déi Informatioun krute mir op Nofro vun der Police confirméiert. Géigeniwwer dem Essentiel hate verschidde Fraen a Meedercher uginn, si hätten de Verdacht, datt si KO-Drëpsen an d'Gedrénks gemëscht kruten.

Am Laf vum Owend hätte sech ronn eng Dose Leit bei de Rettungsdéngschter op der Plaz gemellt, heescht et vun der Police. Wéi den 112 confirméiert, waren tëschent Mëtternuecht a kuerz no 4 Auer moies fënnef Ambulanzen op der Plaz, all Kéiers wéinst Vergëftung. Ob d'Vergëftungen op Alkohol oder eventuell aner Substanzen zréck ze féiere waren, ass onkloer. D'Police hätt éischt Iwwerpréiwungen op der Plaz duerchgefouert.

Firwat et de Leit schlecht gouf, misst elo am Kader vun den Ermëttlunge gekläert ginn. Et géing ee jiddereen encouragéieren, sech ze mellen, deem eppes Suspektes e Méindeg den Owend um Bal zu Ell opgefall wier.

Zu der Fro, wéi dacks et zu dëser Zort Tëschefäll kënnt, schwätzt d'Police vu vereenzelte Fäll an deenen de Verdacht besteet, datt Leit KO-Drëpsen an e Glas gemaach kritt hätten. Déi Substanze wieren awer dacks just wärend e puer Stonnen am Blutt oder Urin nozeweisen, sou datt dat schwéier wier, nodréiglech nozeweisen. Et géing een de Leit roden, sech séier am Fall vu sou engem Verdacht bei der Police ze mellen.

Allgemeng réit d'Police, wann een um Tour ass, opmierksam ze sinn, senge Frënn ze hëllefen, wann déi sech sollen ongewéinlech verhalen, säi Gedrénks am beschte selwer ze bestellen a sichen ze goen, keen oppent Gedrénks vu Friemen unzehuelen an d'Gedrénks och net aus den Aen ze loossen.