Jean AsselbornDéi schwieregst Ried a 16 Joer Aussepolitik

Lynn Cruchten
Dem russesche President Putin säi brutale Krich an der Ukrain hätt jiddereen opgerëselt a gestäerkt, fir d'Demokratie ouni Konzessioun ze verdeedegen.
Déi schwieregst Ried a 16 Joer Aussepolitik
Dem russesche President Putin säi brutale Krich an der Ukrain hätt jiddereen opgerëselt a gestäerkt, fir d’Demokratie ouni Konzessioun ze verdeedegen.

Aussepolitesch Ried vum Jean Asselborn / François Aulner

Esou huet de Jean Asselborn seng aussepolitesch Deklaratioun vu bal zwou Stonnen an der Chamber um Dënschdegmëtteg ofgeschloss. Den Ausseminister sot, et wier a senge 16 Joer am Amt déi schwieregst Ried an der Preparatioun gewiescht, well d’international Situatioun “därmoossen opgewullt ass”.

Zanter dem Ufank vun der russescher Aggressioun géint d’Ukrain de 24. Februar wéisst een, datt Fridde keng Selbstverständlechkeet wier. Dowéinst misst een an Zukunft méi investéieren, fir de Fridden z’erhalen, mä och fir d’Bierger an “eis Aart a Weis fir ze liewen” ze schützen an et misst ee méi onofhängeg ginn. De Jean Asselborn ass hei vill op d’Energietransitioun agaangen, déi elo acceleréiert géing ginn.

Weder d’Militär- a Waffenhëllef fir d’Ukrain (72 Milliounen Euro oder 16% vum Verdeedegungsbudget), nach d’Sanktioune géint Russland (5,5 Milliarden Euro hei am Land agefruer) wieren e Choix. Se wieren eng Noutwendegkeet, sou de Jean Asselborn. “Mir kënne jo net einfach nokucken, wéi Russland un eise Grenzen d’Vëlkerrecht, d’Genfer Konventiounen an d’Mënscherechter mat Féiss trëppelt an esou schrecklech vill Misär uriicht. Déijéineg, déi dëst net agesinn an déi op dem Putin seng verluge Propaganda erafalen, hunn nach net verstanen, dass et eben hei ëm vill méi geet wéi e Konflikt tëschent zwee Länner”.

Als Immigratiounsminister huet de Jean Asselborn gewarnt, datt mat de russeschen Attacken op d’ukrainesch Infrastruktur nees méi Leit aus der Ukrain hei an d’Land kéinte flüchten an dowéinst géing ee sech preparéieren. Kuerzfristeg géing ee probéieren, d’Zuel vu Better an d’Luucht ze setzen. Net just fir Leit aus der Ukrain, mä och Leit aus anere Länner, déi laut internationalem Recht e Recht op Asyl hunn.

De Jean Asselborn ass a senger Ried vun enger Stonn an dräi Véierel natierlech op vill weider aussepolitesch Sujeten agaangen, dorënner d’aktuell Revolte fir d’Fraerechter am Iran. Hien huet awer och d’Situatioun am Noen Oste kommentéiert, déi a sengen Aen ëmmer méi an engem Däiwelskrees wier. Well aktuell wiere weder zwee Staaten, nach ee Staat méiglech, also géing just nach “eng éiweg Occupatioun” iwwereg bleiwen.

PDF: Deklaratioun Jean Asselborn

Back to Top
CIM LOGO