Wéi wuel fille sech d’Salariéen op hirer Aarbechtsplaz? Déi Fro probéiert ee bei der Chambre des salariés an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg zanter 2012 mam Quality of Work Index ze beäntwerten. A mat Bléck op 2025 fält de Bilan zimmlech negativ aus.
Theoretesch ka beim Quality of Work Index ee Wäert tëscht 0 an 100 erauskommen. Fir 2025 läit dee bei 53,4 an ass domadder sou niddreg wéi nach ni. Am Verglach mam Joer virdrun ass et ee Minus vun 0,9 Punkten. De Questionnaire besteet aus 200 Froen, déi sech esouwuel op positiv wéi och op negativ Aspekter vun der Aarbecht bezéien. Dem David Büchel, Conseiller de direction bei der Chambre des salariés, no weist d’Courbe bei kengem vun deene positiven Aspekter no uewen. Zu deene positiven Aspekter gehéieren zum Beispill d’Sécurité d’emploi oder d’Participation aux décisions. Anescht gesäit dat bei ville vun den negativen Aspekter aus, besonnesch frappant wier d’Entwécklung am Beräich vun de Konflikter tëscht dem Beruffs- a Privatliewen.
“Wou mer eng Dimensioun hunn, wou déi stäerksten Entwécklung an eisem Modell opweist. Mir haten zwar lo zwee Joer, wou et e bëssi zeréckgaangen ass, awer dëst Joer si mer mam Score rëm vill méi héich gewiescht wéi déi lescht zwee Joer, sou datt mer op deen alen Trend opgespronge sinn, mat enger klorer Augmentatioun. Also de Work-Life-Konflikt ass wierklech déi Dimensioun am Quality of Work Index, wou am meeschten Evolutioun opzeweisen huet.”
Déi Entwécklung wier d’Resultat vun e puer Faktoren, déi beienee kéimen. Se kéint sech esouwuel duerch Verännerunge vum Aarbechtsëmfeld wéi och duerch eng aner Erwaardungshaltung vun de Salariéen erklären. Bei den negativen Aspekter géing zudeem opfalen, datt déi physesch Belaaschtung zanter e puer Joer nees klëmmt.
Ee besonnesche Fokus gouf 2025 op de Volet vun der Formation continue geluecht. Et géing ee gesinn, datt d’Leit sech am Allgemenge weiderbilde wëllen. Bei deene Leit, déi dat an deene leschten 12 Méint net gemaach hunn, wieren d’Grënn dann och manner bei hinne selwer ze sichen.
“Do soen dann 48 Prozent, et ass, well ech bei menge Formatiounsprojeten net vu mengem Betrib ënnerstëtzt ginn, dat sinn 21 Prozent méi wéi an der Moyenne. Op zweeter Plaz kënnt dann, well d’Käschte fir mech ze héich sinn, 45 Prozent, och hei 20 Prozent wéi an der Moyenne. Dat heescht, dat sinn awer scho strukturell Hürden, déi hei ze fanne sinn.” Als méiglech Léisunge proposéiert d’Chambre des salariés ënnert anerem eng Reform vum Congé individuel de formation a finanziell Hëllefe fir déi Leit, déi sech weiderbilde wëllen.
Méi wéi 3.150 Leit hunn de Questionnaire vum Quality of Work index beäntwert, dat entweder online oder iwwert Telefon. Et géing sech dobäi ëm ee representativen Echantillon esouwuel aus dem Privatsecteur wéi och aus dem ëffentlechen Déngscht handelen. 51 Prozent vun de Participante ware Lëtzebuerger Residenten, déi aner 49 Prozent Frontalieren.