Weltdag vum KriibsKriibs ass net ëmmer ze gesinn

Céline Eischen
De Weltdag vum Kriibs ass all Joer d'Geleeënheet, fir op déi kierperlech awer och psychesch Konsequenze vun der Krankheet opmierksam ze maachen.
Weltdag vum Kriibs
Kriibs ass net ëmmer ze gesinn

Dëst Joer wëll d’Fondation Cancer besonnesch op déi Facettë vun der Krankheet opmierksam maachen, déi een net esou op den éischte Bléck erkennt.

D’Tanja krut d’Diagnos Broschtkriibs am Dezember 2022. Operatioun, Chemotherapie a Bestralung: De Leidenswee war laang, ma et waren awer éischter d’Behandlungen, déi een esou op den éischte Bléck net gesäit, déi fir d’Tanja méi komplizéiert waren:
“Dat si meeschtens Pëllen, déi ee muss huelen. Da krut ech esou Bemierkunge wéi, jo, mee et ass jo just eng Pëll ze huelen. Dat ass wéi eng Aspirin ze huelen. Ass et awer net. Well och, wann d’Pëlle vläicht kleng sinn, mee déi hu ganz vill Niewewierkungen. An do ass et komplizéiert, wann ee sech net gutt fillt. Et ass een awer vläicht op der Aarbecht oder déngschtlech bedéngt muss een dann awer a Form sinn.”

D’Patiente géife sech dacks ënner Drock gesat fillen, fir hir Péng ze verstoppen. Well et ëmmer méi modern Therapië ginn, géif dëse Problem an Zukunft just nach méi grouss ginn:

Martine Risch, Responsable Service Psycho-Social Fondation Cancer:
“Mat där moderner Entwécklung vun der Medezin ass et méiglech, laang mat Kriibs ze liewen, wat awer net heescht, dass den Impakt manner ass. Dat alles gesäit een net no baussen. An dofir ass et a mengen Aen esou wichteg, och ze sensibiliséieren, well de Patient selwer muss léieren, domat ze liewen, mee och d’Gesellschaft, mir mussen eis drun upassen, dass Kriibs eng chronesch Erkrankung gëtt. Nëmmen well mer et no baussen net gesinn, nëmmen well d’Persoun vläicht gutt ausgesäit, heescht dat net, dass alles gutt ass.”

De Service Psycho-Social an der Fondation Cancer ënnerstëtzt d’Patienten ënner anerem mat sechs Psychologen an enger Assistante Sociale. Ma och aner Servicer ginn de Patiente proposéiert:

Margot Heirendt, Direktesch Fondation Cancer:
“Eng Onko-Diététicienne, eng Onko-Ästheticienne an dann hu mer natierlech och e Grupp de Parollen, wou d’Leit kënnen driwwer schwätzen iwwert de Kriibs, awer och Sportsgruppen. Dat heescht iwwert Yoga a Relaxatioun, dat heescht wierklech eng ganz Panoplie fir eis Patienten a si kommen heihin a si sinn an engem geschützte Raum, wou se mateneen och kënne schwätzen, wou ee kann einfach och emol lass loossen.”

D’Tanja D’Angelo géif sech wënschen, datt an Zukunft méi sensibiliséiert géif ginn, besonnesch op der Aarbechtsplaz. D’Tanja ass elo a Remissioun a muss elo nach e puer Joer eng Hormontherapie maachen. Si bléckt awer positiv an d’Zukunft:
“Et ginn, loosse mer soen, op ee Mount gekuckt, e puer Deeg, wou et mer kierperlech gutt geet. Dat ass emol scho ganz positiv. An ech sinn aktiv amgaangen, drun ze schaffen, fir dass nach méi därer Deeg kënnen agebaut ginn, jo.”

Back to Top
CIM LOGO