Weider gëtt gefuerdert, datt d'Loyerspräisser solle gedréckt ginn oder d'Ëmstellen op d'Summerzäit am Februar.

Um Site vun der Chamber sinn 11 nei Petitiounen online, déi an den nächste sechs Wochen op d'mannst 4.500 Ënnerschrëfte musse beienee kréien, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat kënnt.

Gefuerdert gëtt beispillsweis, en TGV bis op Bréissel an en obligatoreschen Éischt-Hëllef-Cours, deen un de Fürerschäi misst gekoppelt sinn. D'Loyerspräisser am Land solle gedréckt, d'Agence-Fraise vum Proprietär bezuelt an d'Avertissements taxés un d'Präisdeierecht ugepasst ginn. Eng aner Petitioun fuerdert de Verbuet vun de Klappjuegten an eng weider, dass schonn Enn Februar op d'Summerzäit ëmgestallt gëtt.

Den 30. November ass iwwerdeems den Debat iwwert d'Petitioun, déi zwee Deeg Homeoffice an der Woch fir jidderee fuerdert. Dës hat den néidege Quorum vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht.

Déi komplett Lëscht

2506: Baisser les prix des loyers

2511: Train à grande vitesse de Luxembourg à Bruxelles (en 2h)

2513: Een obligatoreschen Éischt-Hëllef-Cours fir kënnen den Führerschäin ze maachen.

2514: Mise en place d'actions préventives contre le harcèlement moral au sein des établissements scolaires et de sanctions disciplinaires plus sérieuses à l'égard des auteurs d'harcèlement.

2515: Passer à l'heure d'été fin février 2023

2516: Contrôle technique vun de Gefierer all 2 Joer wéi an deenen aneren EU-Länner och

2517: Reconnaissance de la maladie de la Fibromyalgie

2519: Abolition de la chasse type battue / Cette pétition a pour but de faire réagir face à ce type de chasse qui est une torture envers les animaux chassés.

2521: Horaires plus flexibles de la Bibliothèque Nationale du Luxembourg: des heures d'ouverture plus accommodantes pour des employés, fonctionnaires et étudiants

2525: Assurer un accès au logement aux étudiants et doctorants de l'Université du Luxembourg sur le marché privé.

2481: Upassen vun den "Avertissements Taxés" Tariffer