Op eise StroossenAuto e Samschdeg de Moien op d'Kopp gaangen tëscht Walfer an dem Stafelter

RTL Lëtzebuerg
Géint 6.30 Auer e Samschdeg de Moien huet eng Automobilistin um CR125 d'Kontroll iwwert hire Won verluer.
© Domingos Oliveira / RTL

Éischten Informatiounen no, krut déi jonk Fra de Summerwee ze paken an den Auto ass doropshin un d’Schleidere geroden an op der Kopp gelant. D’Streck gouf gespaart an d’Fra koum an d’Spidol.

Wéi d’Police mellt, konnt d’Fra sech selwer aus hirem Gefier befreien. Si gouf op der Plaz vun de Rettungsekippe betreit an dunn an d’Spidol bruecht. D’Streck war bis kuerz no 8 Auer e Samschdeg de Moie gespaart.

Den Alkoholtest bei der Automobilistin war positiv. Si krut hire Permis ofgeholl.

Wéi de CGDIS mellt, si géint 18.45 Auer e Freideg den Owend zu Kënzeg zwee Autoen anenee gerannt. Hei gouf et ee Blesséierten.

Eng weider Kollisioun tëscht dräi Gefierer gouf et kuerz drop, op der A13 tëscht Schëffleng a Keel. Hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn.
Géint 10.15 e Samschdeg de Moien krute sech 2 Ween zu Péiteng an der Rue de la Chiers ze paken. Hei goufe et zwee Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO