Aus dem Policebulletin5 Abréch queesch duerch d'Land, Accidenter an alkoholiséiert Chaufferen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police an hirem Bulletin schreift, war an der Nuecht op e Samschdeg nawell méi lass.
© RTL Archivbild

Am Laf vun de leschte Stonne wier et zu fënnef Abréch am Land komm, dëst an der Stad, Miersch, Gréiwels, Beetebuerg an Ollem. An de meeschte Fäll gouf Boergeld geklaut. Zu Helsem an zu Steesel ass et bei engem Abrochversuch bliwwen. D’Ermëttlunge lafen.

Accidenter an “Alkoholfaarten”

Kuerz no 19.00 Auer koum et op der A13, op der Héicht vun engem Chantier bei Schëffleng a Richtung Keel zu engem Accident. Wéi d’Police mellt, hätte béid Chaufferen e positiven Alkoholtest gehat. De Permis gouf agezunn, eng Plainte deposéiert a protokolléiert. Een Automobilist koum mat liichte Verletzungen an d’Spidol.

Kuerz no 03.00 Auer koum et zu engem Accident an der Unterfürung op der Héicht vum Rond-point Serra um Kierchbierg. Den Auto huet missen ofgeschleeft ginn, wouduerch den Tunnel blockéiert war. En Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.

Am Laf vun der Nuecht si weider Chaufferen wéinst hirer Fuerweis opgefall a goufe kontrolléiert. Dëst zu Bieles, Déifferdeng, Esch-Belval, Mäertert a véier Mol an der Stad. Géint een Automobilist gouf eng Plainte gemaach, hie konnt awer säi Permis halen.

Ordonéiert Alkoholkontrollen

Tëscht 20.30 an 02.00 Auer an der Nuecht op e Samschdeg huet d’Police op Uerder vum Parquet gréisser Alkoholkontrollen zu Ettelbréck an Angelduerf duerchgefouert. 641 Automobilisten hu misse blosen an a 15 Fäll war den Test positiv. 3 Permise waren op der Plaz fort.

Back to Top
CIM LOGO