Wann ee sech fir Chrëschtdag nach eppes wënscht, kann et sech e Mëttwoch respektiv en Donneschdeg lounen, bis an den Himmel ze kucken.

Mëtt Dezember ginn et nämlech ëmmer extra vill Stäreschnäizen. Den Héichpunkt war dëst Joer um 2 Auer e Mëttwoch de Mëtteg. Hei si bis zu 150 Meteore pro Stonn iwwert den Himmel gezunn. Well et net däischter genuch war, huet een déi allerdéngs net gesinn.

Ma och an der Nuecht op en Donneschdeg kann et sech nach lounen a Richtung Osten an den Himmel ze kucken. Wann d'Wieder matspillt, kann een hei nach ëmmer tëscht 30 a 60 Stäreschnäize pro Stonn gesinn.