"Mäi Wonsch ass et, e faire Kompromëss ze fannen"
D'Reform vum Loyersgesetz gouf am Oktober zejoert virgestallt, ass elo um Instanzewee a gëtt zanterdeem kontrovers diskutéiert.
Lo ganz rezent hunn och d'LSAP an d'DP – mam Premier am Neijoerschinterview – de Projet vum grénge Regierungspartner deels a Fro gestallt.
De Logementsminister Henri Kox huet am RTL-Interview op déi Kriticke reagéiert. Membere vun der LSAP-Leedung hunn him Bedruch reprochéiert. Dat huet hie vehement zréck gewisen. Als dräi Partner hätt een d'Reform diskutéiert an am Regierungsrot wär se ugeholl ginn. Sozialistesch Kolleegen hätte sech wéinst deem Bréif och offiziell bei him entschëllegt. Fir hie wär dat elo vum Dësch. Hie wéilt déi nächst 10 Méint nach schaffen a Reformen ëmsetzen. Am Summer wär nach genuch Zäit fir Walkampf.
Hie selwer hätt gesot, datt d'Reform nach net fix wär, sou den Henri Kox. De Premier hätt et villäicht am Neijoerschinterview no bausse gesot. Vill Gesetzer géifen an der Chamber nogebessert ginn. De Projet géif geschwënn (warscheinlech am Februar) an der Chamber diskutéiert ginn. Säi Wonsch wär et, e faire Kompromëss ze fannen. De Locataire soll geschützt ginn an de Marché net ofgewiergt ginn. An der Chamberkommissioun wëll hien d'Texter erklären an diskutéieren an op den Assisen, déi den 22. Februar sinn, soll nach méi breet diskutéiert ginn.
Am Interview huet den Henri Kox och confirméiert, datt de Staat wéilt Projete vu Promoteuren opkafen. Fir datt d'Promoteuren net drop sëtzebleiwen a fir datt Chômage verhënnert ka ginn. Déi Wunnenge sollen an ëffentlecher Hand bleiwen a bezuelbar verlount ginn. Wéi vill dat der wäerte sinn, misst sech elo an de Verhandlunge weisen. Och iwwert de Präis misst ee sech eens ginn.
De Logement war en Dënschdeg de Moien och Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".