Déi Annonce huet d'Paulette Lenert um Neijoerschpatt vun de Sozialisten um Schengenerhaff gemaach, wou d'LSAP d'Superwaljoer 2023 lancéiert huet.

"2023 ass e Joer dat ganz vill Potential huet fir e gutt Joer ze ginn, e rout Joer!" Dat huet d'LSAP zu Schengen ënnerstrach.
D'Sozialisten haten e Freideg den Owend op hiren Neijoerschpatt invitéiert, deen éischter eng grouss Party war, wou d'Partei d'Superwaljoer lancéiert huet. Dat louch net zu Lescht un enger Annonce op déi scho méi laang gewaart ginn ass.

LSAP-Neijoerschpatt: Paulette Lenert ass prett fir d'Walen
Déi Annonce huet d'Paulette Lenert den Owend um Neijooschpatt vun de Sozialisten um Schengenerhaff gemaach, wou d'LSAP d'Superwaljoer 2023 lancéiert huet.

Scho virun hirer Ried gouf d'Vize-Regierungscheffin a Gesondheetsministesch Paulette Lenert gefeiert. No der Annonce, déi si um Enn vun hirer Ried gemaach huet, nach vill méi:

"Ech si prett fir d'LSAP. Fir zesumme mat menger Partei an dës Walen ze goen a wann dat äre Wonsch ass a wann dat de Wonsch vun der Partei soll sinn, och zesumme mat Iech de Fändel vun der LSAP ze droen."

Minuttelaang krut d'Paulette Lenert, déi e Freideg den Owend och präziséiert huet, datt si am Oste kandidéiert, no dëse Wierder geklappt. Offiziell ass si awer nach net Spëtzekandidatin. Doriwwer muss d'Parteibasis ofstëmmen an dat geschitt op engem Kongress, no de Gemengewalen.

LSAP-Neijoerschpatt: D'Paulette Lenert ass prett fir d'Walen / Dany Rasqué

Apropos Gemengen, do hätten d'LSAP Mandatairen a Sektiounsmemberen ganz Aarbecht geleescht, seet de Parteipresident Dan Biancalana:

"D'Gemenge si wichteg fir um Bols vun de Leit ze sinn. D'Gemenge si wichteg, well mer do Projeten a Moossname konkret ëmsetze kënnen, déi national méi laang brauchen. D'Gemenge si wichteg, well d'LSAP eng Politik mécht, déi fir d'Leit ass an dat mengen ech, ass wichteg."

D'Gemengewale sinn also eng éischt Epreuve, aus där d'Sozialiste gestäerkt wëllen eraus goen an d'Partei ass optimistesch. D'Presidentin Francine Closener huet drun erënnert, datt an deene leschte komplizéierte Méint a Joren eemol méi Verlooss op d'LSAP gewiescht wier:

"Eis Leit op allen Niveauen, a virop natierlech an der Regierung, hu gewisen, datt se am Stand sinn an esou Krise mat Verstand a mat Empathie, déi néideg Decisiounen ze huele fir d'Mënschen an dësem Land duerch déi komplizéiert Zäiten ze bréngen, fir se ze féieren. Domadder hu mer Vertraue geschaaft. Bei de Leit a bei den Decideuren. Vertrauen, wat déi Allerwichtegst Wärung ass an der Politik."

Op dat Vertrauen kéint een elo opbauen an eng staark LSAP, seet de President Dan Biancalana, géif den Ënnerscheed maachen.