No Bränn zu Diddeleng an EschDës Facteure spille bei Hausbränn eng Roll

RTL Lëtzebuerg
Am Duerchschnëtt verléieren eng bis zwou Persounen d'Joer zu Lëtzebuerg hiert Liewen duerch en Hausbrand. Elo waren et awer direkt 2 Affer bannent 2 Méint.
© Domingos Oliveira/ RTL Archiv

Dat wier awer keen Indice, dass d’Situatioun am Gaangen ass, sech ze änneren, sou de CGDIS.

Et ginn eng Partie Facteuren, déi bei engem Hausbrand doriwwer entscheeden, wéi d’Feier sech entwéckelt a wéi geféierlech d’Situatioun gëtt.

D’Vitess mécht den Ënnerscheed

Wat en Hausbrand méi séier erkannt, an dem 112 gemellt gëtt, wat d’Pompjeeë méi séier agräife kënnen. Dofir den Appell un d’Leit: “Denkt un den Dampmelder!” Dat hëlleft nämlech, d’Awunner op d’Gefor opmierksam ze maachen, an ass besonnesch, wann d’Leit schlofen, dacks e Liewensretter. Wann een dann e Brand a senger Wunneng entdeckt, soll een d’Raimlechkeeten direkt verloossen an Dieren zoumaachen. Da gëllt et esou séier wéi méiglech den 112 ze kontaktéieren.

D’Vitess ass an esou Fäll immens wichteg. Wann d’Flame schonn aus dem Daach oder aus de Fënster ausschloen, hunn d’Pompjeeë manner Handlungsspillraum.

“All Feier fänkt kleng un": Am Ufank geet e Glas Waasser duer, da brauch een en Eemer. Wat méi Flamen, wat méi Läschwaasser.

Wéi kënnt et zu Hausbränn?

De heefegste Grond fir Feier a Gebaier oder Wunnengen ass d’Elektresch, dat mécht knapp een Drëttel vun allen Hausbränn aus. Hannendru steet d’mënschlecht Feelverhalen an Iwwerhëtzung. Bal all 10. Feier war op Brandstëftung zeréckzeféieren a bei knapp 20 Prozent de Fäll ass Ursaach onkloer oder eng ganz aner.

Dat geet aus enger däitscher Etüd vum Institut für Schadenverhütung und Schadenforschung ervir, wou all Joer d’Ursaache vun Hausbränn analyséiert ginn. Fir d’Bränn zu Lëtzebuerg ginn et keng Statistiken.

Méi Bränn an alen Haiser wéi an Neien?

Tatsächlech spillen d’Baumaterialie vun den Haiser eng Roll. Hëlzen Trape sinn zum Beispill e Facteur, duerch deen d’Feier sech méi séier ausbreede kann. Dës weidere mécht et och en Ënnerscheet, ob d’Dieren an der Wunneng op oder zou sinn.

Nei Konstruktioune si wéinst der Preventioun méi sécher. D’Feier breet sech hei also net esou séier aus. Esou dass ee scho soe kann, dass d’Feier an eeleren Haiser dacks méi geféierlech ka sinn, respektiv sech méi séier ausbreet.

“Durchzündung”, eng weider Gefor

Et ass e Phenomen bei Hausbränn, wat bei de Pompjeeë besonnesch trainéiert gëtt. Bei engem Feier kënne sech Pyrolyse-Gasen am Raum ustauen. Dat si Gasen, déi net komplett ausgebrannt sinn. Wann da bei héijer Temperatur eng Dier oder eng Fënster opgeet a Sauerstoff erakënnt, kann et zu enger Duerchzündung kommen. Dobäi verbreet d’Feier sech da ganz séier.
Zu Lëtzebuerg léieren d’Pompjeeën, wéi een dëse Phenomen erkennt a wéi een agéiert. Geüübt gëtt dëst mat Hëllef vu Containeren.

Back to Top
CIM LOGO