Um 18.30 Auer e Mëttwoch den Owend war den Nationalrot vun der CSV beieneekomm, fir e Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen ze nominéieren.

"Wann een e Land gären huet, muss ee grad a schwieregen Zäite soen, datt ee bereet ass Verantwortung z'iwwerhuelen." Dat sot de Luc Frieden e Mëttwoch den Owend nodeems den Nationalrot vun der CSV gréng Luucht fir seng Spëtzekandidatur ginn huet. Op enger kuerzer Pressekonferenz huet hien no der Ofstëmmung explizéiert, datt hie sech d'Decisioun, déi chrëschtlech sozial Vollekspartei duerch dës Walen ze féieren net einfach gemaach hätt. D'Decisioun huet nämlech als Konsequenz, datt de Luc Frieden mat 59 Joer, seng aner berufflech Aktivitéiten opgëtt. Spéitstens bis Enn Abrëll wëll hien all seng Mandater néierleeën an dann op en neit Zil hischaffen.

Den CSV-Nationalrot stëmmt fir de Luc Frieden als Spëtzekandidat / Dany Rasqué

Dat Zil ass kloer definéiert, mat engem Plang B, fir de Fall datt et net klappt. "Eist Zil ass selbstverständlech, an d'Regierung ze kommen. Et ass ganz kloer an ech hunn der Partei dat och gesot, datt wann d'Situatioun esou wier, datt mer an d'Oppositioun kéimen, da géing ech dat Mandat dës Kéier unhuelen an och déi 5 Joer an der Chamber bleiwen."
Datt hien dat 2014 net gemaach hätt, hätt virun allem domadder ze di gehat dat hien nei Energie a frësche Wand wollt tanken. De Luc Frieden hat säi Mandat um Krautmaart opginn, well hie sech an der Roll vum Oppositiounspolitiker net erëmfonnt huet.

"Net datt ech d'Parlament net intressant fannen, mä ech hunn einfach eng nei Säit missen opleeën a mengem Liewen an déi Sätz déi ech deemools gemaach hunn, géif ech haut vläicht net méi esou formuléieren."
Haut ginn et an den Ae vum Luc Frieden grouss Erausfuerderungen. De Krich an Europa, déi héich Energiepräisser, d'Logementspräisser, déi permanent klammen, d'Inflatioun an d'Steieren, déi substantiell an d'Luucht gaange wieren.
"Esou kann dat net weidergoen an et stellt ee fest, datt d'Regierung op deene fundamentale Froe keng frësch Loft méi huet. Datt d'Loft eraus ass. Datt een deen aneren an der Regierung blockéiert, wat vläicht aneschters ass wéi 2014, wéi se fir d'éischte Kéier an där do Kompositioun ugetruede sinn."

D'CSV wier elo als grouss Partei vun der Mëtt gefuerdert. De Luc Frieden schwätzt vu gesonde Staatsfinanzen, engem staarke Sozialstaat, Betriber, déi gutt fonctionéieren a sech kënne weiderentwéckelen.
Seng berufflech Weiderentwécklung bréngt elo an deenen nächste Méint mol näischt an d'Keess.
"Dir braucht Iech do keng Suergen ze maachen, datt ech do net kann iwwerliewen. Ech hunn och eng Fra déi schafft. Ech ginn domadder eens. Ech verzichten effektiv op all Akommes an där Zäit. Ech muss da vu mengem Spuerbuch a vun der Gentillesse vu menger Fra liewen."

Natierlech just wann och elo d'CSV Basis mat der Spëtzekandidatur averstanen ass. Si stëmmt de 25. Mäerz doriwwer of. Nach e klengen Detail vum Donneschdegowend. Am Nationalrot huet wuel kee géint de Luc Frieden gestëmmt, dofir schwätzt d'CSV vun enger unanimer Decisioun, allerdéngs ginn et awer zwou Persounen, déi net fir hie gestëmmt hunn. Si hu sech enthal.

Hei den Interview mam Luc Frieden nom Nationalrot

Luc Frieden: Réckbléck op d’politesch Karriär

15 Joer laang war de Luc Frieden an der Regierung, gouf als Successeur vum laangjärege Premier Jean-Claude Juncker ugesinn. Dozou koum et bekanntlech bis ewell net. 1994, direkt beim éischten Ulaf, gëtt den 30 Joer alen Affekot Luc Frieden an d’Chamber gewielt. Cambridge an Harvard Diplomer huet hien do scho längst an der Täsch. “Ëmmer kucken, datt ee sech en Zil setzt an dann dohinner schaffen. Dat hunn ech bis elo gemaach an dat wollt ech och esou weidermaachen”, seet den Newcomer 1994 am RTL-Interview. E Mann, e Wuert: 4 Joer drop gëtt de Luc Frieden no der Demissioun vum Marc Fischbach neie Justiz- a Budgetsminister. De wirtschaftsliberalen CSV Mann polariséiert awer och. D’Expulsioun vu Flüchtlingsfamillen aus dem Montenegro schockéiert, a ganz besonnesch déi rabiat Virgoensweis, no där Famille mat Kanner aus dem Land geschéckt ginn.

CSV-Nationalrot vum Mëttwoch den Owend
1. Reaktiounen vun der Plaz am RTL-Journal.

Wärend der Finanzkris 2008 beweist den CSV Politiker sech als capable Krisemanager. Déi staatlech Rettung vu Fortis an Dexia verhënnert, datt et zu dramatesche sozialen a wirtschaftleche Konsequenze kënnt. De Krounprënz vun der CSV suergt och fir Krisen. 2012 muss hie sech de Virworf gefale loossen, op eege Fauscht en Handel an d’Weeër geleet ze hunn, fir 35% vun de Cargolux Aktien un de Katar ze verkafen. 2013. Am Kader vun der Bommeleeër-Affär seet den deemolege Procureur Robert Biever, de Justizminister Luc Frieden hätt probéiert d’Enquêten ze stéieren. Den CSV Politiker iwwerdeems schwätzt vun Interpretatiounsdivergenzen. Mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteien iwwersteet de Luc Frieden de Mësstrauensvott an der Chamber. Kuerz drop ass et den Héichpunkt an der SREL-Affär. De Jean-Claude Juncker annoncéiert Neiwalen. Déi verléiert d’CSV a land op der Oppositiounsbänk. An där Roll gefält sech de fréiere Finanzminister net an zitt sech am Summer 2014 aus der Politik zréck. A wiesselt an d’Privatwirtschaft bei d’Deutsche Bank.

RTL