An der Lescht hunn eng Partie Leit sech bei der Naturverwaltung gemellt, well si mengen ee Wollef gesinn oder Spueren entdeckt ze hunn.

Déi rezentste Siichtung soll et e Mëttwochowend am Raum Déierbech/Näertrech ginn hunn. Ee Mann wëllt hei ee Wollef gesinn hunn. Op Nofro hi confirméiert den Directeur-adjoint vun der Naturverwaltung Laurent Schley, datt sech an der Lescht eng Partie Leit bei hinne gemellt hunn, well si mengen, ee Wollef gesinn oder Spueren entdeckt ze hunn.

Beim Fall tëscht Déierbech an Näertrech handelt et sech ëm eng Siichtung vum Typ C3, wat bedeit, datt de Verdacht weder bestätegt nach entkräft ka ginn. Ma et ginn awer aktuell véier Prouwe vun anere Verdachtsfäll am Labo vun engem spezialiséierten Institut ënnersicht.

Wéini d'Resultater virleie wäerten, kann nach net mat Sécherheet gesot ginn. Eng vun de Prouwe steet am Zesummenhank mat engem Fall, wou een doudegt Schof, dat héchstwarscheinlech vun engem Raubdéier gerass gouf, an der Géigend vu Kierchen an der Gemeng Ëlwen fonnt gi war. An der Lescht gouf et och am noe Belsch-Lëtzebuerger Grenzgebitt an der Géigend ronderëm Baaschtnech verstäerkt Fäll, an deene Leit sech gemellt hu well se mengen ee Wollef gesinn ze hunn.

D'Naturverwaltung freet d'Populatioun, all méiglechen Hiweis op d'Presenz vun engem Wollef sou séier wéi méiglech per Mail un d'Adresse wolf@anf.etat.lu ze mellen.