Associatioun "Slava Ukrayini"Ee Joer nom Krichsufank ginn et Problemer mam Logement vu Flüchtlingen

RTL Lëtzebuerg
Kuerz nom Ufank vum Krich ass déi Lëtzebuerger Associatioun "Slava Ukrayini" Flüchtlingen op d’polnesch-ukrainesch Grenz siche gefuer.

Deemools gouf net domat gerechent, datt si no engem Joer nach ëmmer hei wieren. An dat bréngt eng Rei Probleemer mat sech, notamment mam Logement. Dat seet de President vun der Associatioun, de Julien Doussot.

Slava Ukrayini / Reportage Michèle Sinner

D’Benevolle vu Slava Ukrayina betreien eng 50 Refugiéen. Si sinn an Appartementer an Haiser ënnerkomm, déi Privatleit zur Verfügung gestallt hunn. Dofir sinn d’Associatioun an d’Flüchtlingen immens dankbar. Mä a ville Fäll waren d’Kontrakter just fir e Joer, erkläert de Julien Doussot:

“Et donc la on va arriver progressivement pas à pas à la fin de ces contrats et donc les familles qu’on a mis dans ces maisons, il va falloir les reloger.”

Zéng Leit sinn dovu betraff, dorënner eng Famill mat Kanner: “Et cela, aujourd’hui, c’est notre plus grand point d’interrogation.”

Dat well et bis elo keng nei Logementer gëtt: “On a aucune piste, aucune solution. C’est-à-dire qu’aujourd’hui la Croix-Rouge, on travaille beaucoup avec la Croix-Rouge, ils nous ont beaucoup aidé. Mais malheureusement de leur côté c’est la même situation.”

Déi 50 Leit, ëm déi sech d’Associatioun këmmert, sinn net méi all déi nämmlecht, wéi am Ufank vum Krich. Eng 20 Persounen, déi mat Slava Ukrayini op Lëtzebuerg komm sinn, sinn antëscht nees zréckgaangen. Mä et komme weider neier no. De Julien Doussot a seng Fra huelen ëmmer nees Fraen a Kanner vun Zaldote bei sech op. Ob nei Refugiéë kommen, hänkt natierlech vun der Entwécklung an der Ukrain of.

“C’est ma plus grande peur, qu’il ait une nouvelle vague”, seet dofir de Julien Doussot. Säin eegene Schwoer ass an der Ukrain op der Front: “Ils se préparent à peut-être une nouvelle tentative d’invasion de Kiev par la Biélorussie.”

Wann de russesche President Wladimir Putin fir den Anniversaire vum Krichsufank esou eng Invasioun géif lancéieren, géif sécher nees méi Refugiée kommen. Ob der awer nach emol vill op Lëtzebuerg kommen, ass a Fro ze stellen. D’Famill, déi dëse Mount beim Julien Doussot ass, wäert net bleiwen. “Parce qu’encore une fois, je n’ai pas de solution”. Hie kann hinnen net soen, wou se kënne wunnen. Dofir gi si a Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO