Egalitéit tëscht de GeschlechterFortschrëtter an Erausfuerderungen

RTL Lëtzebuerg
D'Egalitéit tëscht de Geschlechter soll ëmmer méi Realitéit an de Betriber ginn. Egalitéit, dat wier awer net just d'Gläichstellung tëscht de Geschlechter.
© MEGA

Et géing och ëm de Respekt an d’Wäertschätzung goen, ewéi och ëm d’Méiglechkeeten, fir sech kënne weiderzëentwéckelen, sou d’Ministesch Taina Bofferding. Virun dësem Hannergrond hunn de Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Mann a Fra an den Aarbechtsministère de Mëttwoch de Moien eng nei Broschür presentéiert, déi de Betriber néideg Informatiounen iwwer dëse Sujet matgi soll. Ma och verschidden Initiativen a Gesetzesprojeten hätten an deene leschte Joren dozou bäigedroen, datt d’Aarbechtsëmfeld manner diskriminéierend gi wier.

Ënnert anerem gouf de Programm “Actions Positives” genannt, deen an de leschte Jore weiderentwéckelt ginn ass. Dësen analyséiert, wéi d’Betriber Punkto Egalitéit opgestallt sinn a ka si dobäi ënnerstëtzen, fir konkret Mesuren ëmzesetzen, déi kee Geschlecht benodeelege sollen.

RTL-Faktencheck: Verdénge Fraen ëmmer nach manner wéi Männer? Iwwerdeems war rieds vun dem “Gender-Pay-Gap”, also dem Ënnerscheed an der Pai tëscht de Geschlechter. Och hei hätt sech an de leschte Jore vill gedoen, esou d’Ministesch fir d’Gläichstellung tëscht Mann a Fra, d’Taina Bofferding.

Hate mer hei zu Lëtzebuerg 2007 nach en “Gender-Pay-Gap” vu knapp iwwer 10%, sou si mer lo bei nëmmen nach 0,7%. Domat si mer Spëtzereider a ganz Europa. Hei verweisen ech nach gären op eng Etüd vum Statec, déi erausfonnt huet, dass den Ecart, deen nach besteet, festzestellen ass beim Joresgehalt, do hu mer nämlech nach een Ënnerscheed vu 7,2%, dat ass well méi männlech Mataarbechter méi Primmen a Boni akasséieren, dat heescht mir gesi ganz kloer en Ënnerscheed bei dem Verlaf vun de Karriären a vun den Opstigsméiglechkeeten.

Nieft de Fortschrëtter goufen awer och nach Erausfuerderunge genannt, wéi zum Beispill dass den Ament just wéineg Fraen a Spëtzepositioune schaffen. Dobäi kënnt de Manktem u qualifizéierter Aarbechtskraaft an de Betriber. Eng Situatioun, déi sech verbessere kéint, wann een esouwuel weiblech ewéi och männlech Talenter méi fërdert, seet den Aarbechtsminister Georges Engel.

Wann ee bedenkt, mer hunn op eisem Aarbechtsmarché 195.000 Fraen an 278.000 Männer, do ass nach Sputt, fir dass mer do en Taux égalitaire kréien. Dofir mer brauchen alleguer Talenter op eisem Aarbechtsmarché a mir musse kucken, wéi mer verstäerkt kënnen déi Talenter, och aus dem Grenzgebitt, ma net nëmmen hei op Lëtzebuerg kënne kréien, fir se bei eis kënnen ze notzen.

Iwwerdeems sollt d’Digitaliséierung als Chance gesi ginn, well se nei Beruffer entstoe léisst vun deene souwuel Männer wéi och Frae profitéiere kéinten.

Back to Top
CIM LOGO