
Et ass fir déi éischte Kéier, datt dëse Präis iwwerreecht gouf, dat als Deel vum Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Ausgezeechent gi mat dësem Präis Persounen, déi d’Entwécklung an d’Erhale vum Lëtzebuergesche gefërdert hunn.
Geéiert gouf de fréiere Schoulmeeschter, Schrëftsteller an Iwwersetzer Lex Roth fir d’Joer 2022.
Ënnert anerem wéinst dem Lex Roth kann een haut d’Stroossennimm an d’Nimm vun den Uertschaften op de Schëlder op Lëtzebuergesch liesen. D’Actioun Lëtzebuergesch huet hien am Joer 1971 mat gegrënnt a war hiren éischte President. Aktiv huet hien och 1984 um Sproochegesetz matgeschafft.
Mat der Emissioun “Een Ament fir eis Sprooch” huet de Lex Roth jorelaang op RTL Radio ville Mënschen d’Lëtzebuerger Sprooch méi no bruecht.
Fir d’Joer 2023 krut den Historiker a Sproochwëssenschaftler Alain Atten de Präis iwwerreecht, deen um Mëttwoch 85 Joer kritt huet.
1975 huet den Alain Atten mat un der Elaboratioun vun der Lëtzebuerger Orthographie geschafft. Den Ament schafft hien un engem linguisteschen Atlas an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch.
Nach haut kann een de Sproochmates reegelméisseg op RTL héieren. Hei erkläert hien ënnert anerem d’Originne vu Lëtzebuerger Wierder an Expressioun.
Iwwerreecht gouf de Präis vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend. Dësen huet a senger Ried ervirgestrach, datt béid Laureate Pionéier an der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch sinn.