Gesondheetssecteur bis 2030 stäerken
D'Vertrieder vun de Klinicken hei am Land hunn um Donneschden d'Wäissbuch mat hire Visioune vum Gesondheets- a Spidolssecteur um Horizont 2030 virgestallt.
Ronn 10.000 Leit sinn zu Lëtzebuerg am Spidolssecteur beschäftegt, dorënner eng 1.000 Dokteren. Zwee Drëttel vum Gesamtpersonal si Frontalieren. Dat bleift der Spidolsfederatioun FHL no en Challenge fir d'Zukunft.
D'Vertrieder vun de Klinicken hei am Land hunn um Donneschden d'Wäissbuch mat hire Visioune vum Gesondheets- a Spidolssecteur um Horizont 2030 virgestallt. Grouss Hoffnung fir zukünfteg méi Residenten ze rekrutéieren, gëtt an d'Medezinstudien zu Lëtzebuerg gesat, déi lo mol op e Bachelor-Ofschloss hiféieren. Fir d’FHL wier awer och e Master an der Medezin néideg an doriwwer eraus nach méi Spezialitéiten. D’Formation continue géif och eng wichteg Roll spillen am Gesondheetssecteur, fir datt Mataarbechter sech intern weider oder nei kéinten orientéieren. Alles dat géif d’Attraktivitéit vun de Gesondheetsberuffer stäerken. Eng weider Verbesserung, sou de Generaldirekter vum Rehazenter Dr. Gaston Schütz soll d'Digitalisatioun mat sech bréngen.
"Grad am Secteur vun der Santé muss se dofir déngen, eis d'Aarbecht méi einfach ze maachen. A virun allem och dem Patient, wann e vun engem Dokter bei deen aneren Dokter geet, fir dass d’Informatiounen, ouni dass de Patient sech muss drëm këmmeren, weider gi ginn. An déi aner Saach ass, d'Digitalisatioun muss en Outil sinn, dee sou mann wéi méiglech um Terrain do ass, mee sou vill wéi méiglech am Hannergrond. Justement, fir dass mer Date kënnen exploitéieren, dass mer Date kënne sammelen. Mee den Temps écran vum Professionel vun der Santé, dee muss sou kuerz wéi méiglech sinn."
D'Digitalisatioun soll dann och den Informatiounsaustausch ënnert de Spideeler, mee och no bausse bei d'Allgemengmedeziner verbesseren. Iwwerhaapt wier der Spidolsfederatioun no eng besser Zesummenaarbecht mat de sougenannte Soins primaires néideg. Déi éischt medezinesch Ulafstelle misste sech besser strukturéieren an de Parcours vum Patient vum Hausdokter bis an d’Spidol a bei de Spezialist misst méi kloer definéiert ginn, sou nach d’FHL an hirem Wäissbuch. Eng weider Fuerderung ass déi vun engem anere Finanzéierungsmodell fir d’Spideeler, wéi de President vun der Spidolsfederatioun den Dr. Philippe Turk erkläert.
"Mir hunn en normative System, deen enorm ass, iwwer Qualitéit, iwwer Sécherheet, enger ganz Rei Saachen, déi mir imposéiert kréien. Ech soe lo mol d’Diversitéit vum Métieren am Spidol ass absolut enorm. Mir si keng Pneufabrick. Dat ass ganz wichteg, datt mir déi Souplesse behale fir de Besoinen, de Funktiounen, déi mer am Spidol hunn, fir do kënne kreativ ze sinn, fir d’Leit am beschten anzesetzen. Dat passt net ëmmer an eng Case, déi an enger Norm definéiert ass."
D’FHL wënscht sech eng méi méi dynamesch "Approche entrepreneurielle". D’Spideeler bräichte méi Fräiheeten a sollten och Beneficer kënne maachen, fir an Innovatioun z’investéieren.