Temoignage Rassismus“Nee, vu wou bass du wierklech?”

Fanny Kinsch
E Student sicht e Stage am Sozialsecteur. Hie kritt en Entretien, ma amplaz iwwert d'Aarbecht ze schwätzen, gëtt hien iwwert seng Originnen ausgefrot.
© Fanny Kinsch

Temoignage Rassismus - E Reportage vum Fanny Kinsch

Hie gëtt och gefrot, ob hien eng Openthaltsgeneemegung huet. Déi Erfarung huet de Khalid Oke rezent gemaach an op senge soziale Medien thematiséiert. E Beispill dat weist, datt Diskriminatioun nach ëmmer eng Realitéit ass, och zu Lëtzebuerg. “Do krut ech ganz komesch Kommentare vun där Persoun an et huet mech scho mega betraff an déi Kommentare waren och méi iwwert Flüchtlingen, iwwert d’Nigerianer, wat meng Originne sinn, an et war einfach wierklech mega mega schrecklech.”

De Khalid Oke huet 24 Joer, hien ass Museker a studéiert edukativ a sozial Wëssenschaften op der Uni Lëtzebuerg. Dat wat him an engem Gespréich fir e Stage bei enger Associatioun aus dem soziale Secteur geschitt ass, huet hie blesséiert.

“Déi Fro, déi ech gestallt krut war “Vu wou bass du?”. Ech sot ech sinn aus Ettelbréck. An du sot si “Nee, vu wou bass du wierklech?”. Ech sot ech, jo meng Origine ass Nigeria, keng Anung, vläicht mierkt een dat u menger Aussproch op Lëtzebuergesch, mä ech hu mäi Liewe laang ëmmer hei gelieft an ech fille mech wéi e Lëtzebuerger, hunn ech och erkläert.”

Hie gouf och gefrot, ob hie legal am Land wier a wou en dann an der Schoul gewiescht wier. Ma bei deene Froen, déi d’Persoun warscheinlech net an engem aneren Entretien gestallt hätt, sollt et net bleiwen.

“Wéi géif ech als Assistant social mat engem Nigerianer, deen illegal hei am Land ass, wéi géif ech mat him ëmgoen? Du sot ech, ech géif dat maachen, wéi d’Gesetz et am Fong seet fir jiddwereen, mir sinn all gläich, egal wie mir sinn, dat seet och de Code de déontologie, datt mer mussen all Prejugéen, Stereotyppen oder Virurteeler, déi mir iwwert aner Leit hunn, dat ass ausgestrach, dee Moment als Assistant social, sinn ech e Professionellen an ech muss professionell bleiwen.”

Wann et e Kand wier géing hien op där anerer Säit duerno kucken, datt seng Rechter geschützt wieren, datt et en Daach iwwert dem Kapp hätt an an d’Schoul kéint goen.

“Dunn huet si als Commentaire gesot, “Dat kann een net maachen, well soss bréngt deen all seng Famill, huet d’Recht all seng Famill heihinner ze bréngen, soss géif all Flüchtling oder all Immigré dat maachen, fir hei hir Residence ze kréien an ze liewen an ze schaffen.”

Hie wier schockéiert gewiescht an hätt e schlecht Gefill am Bauch gehat. Dofir wier et him och wichteg, seng Plattform ze notzen an ëffentlech doriwwer ze schwätzen.

“Fir all déi Leit, déi soen, dass Diskriminatioun, wéi zum Beispill Rassismus, dass dat net hei existéiert, dat ass Quatsch. Dat existéiert hei, mee hei ass et ganz, ganz schlëmm an zwar, dass et indirekt Diskriminéierung ass, dat heescht déi Leit, déi dech diskriminéieren, wëssen emol net, dass si dech diskriminéieren.”

Hie wier sech och zimmlech sécher, datt déi Persoun, déi hien interviewt huet, sech net bewosst wier, wéi schlëmm dat fir hie war. De Khalid Oke huet sech beim CET, dem Centre pour l’égalité de traitement gemellt. Hie wéilt virun allem, wann hien de Courage dofir hätt, mat der Persoun schwätzen an hir erklären, wéi verletzend deen Interview um Telefon war.

“Fir mech vu menger Säit aus géif dat méi bréngen, wéi wann de CET elo géif ee Bréif schreiwen oder esou, well dat géif et da da géif et ausgesinn, wéi wann ech mech iwwer iwwert déi Persoun stellen, an ech wëll dat guer net, ech wëll, dass déi Persoun gesäit hei, mir sinn einfach Mënschen, allen zwee, et ass geschitt, jo, mee Dir kënnt dovunner léieren.”

Vun de 245 Fäll, mat deenen de CET 2021 befaasst war, waren der 60 wéinst Diskriminatioun op Grond vun ethnescher Hierkonft, fir 2022 ginn d’Donnéeën aktuell ausgewäert, wéi mir op Nofro matgedeelt kruten. Domat war dës Zort vun Diskriminatioun déi, wéinst där am meeschte Leit sech beim CET gemellt hunn.

Wann d’Persoun dat wéilt, kéint een eng Sensibilisatioun maachen an déi beschëllegt Persoun drop opmierksam maachen, datt Diskriminéierunge verbuede sinn. A verschiddene Fäll géing d’Persoun encouragéiert ginn, bei d’Police oder d’ITM ze goen, oder de CET géing d’Informatioune selwer un de Parquet weider ginn.

D’Reaktiounen op eng Interventioun vum CET wieren ënnerschiddlech, mol méi pro-aktiv, mol méi defensiv, respektiv géinge verschidde Leit och guer net reagéieren. An deem Fall misst de CET no e puer Rappellen den Dossier zoumaachen.

Déi limitéiert Méiglechkeete wiere fir déi betraffe Leit net ëmmer zefriddestellend, heescht et vum CET. 2021 hätten iwwert e Fënneftel vun de Betraffene sech zréckgezunn, nodeems de CET hinnen erkläert hätt, wat d’Méiglechkeete wieren. De CET géing scho laang fuerderen, datt seng Kompetenzen ausgebaut ginn, a wier aktuell och an deem Sënn mat der Chamber am Austausch.

De CET huet an de leschte Joren ëmmer nees gefuerdert, datt notamment d’Méiglechkeet geschaaft gëtt, fir selwer z’enquêtéieren a fir d’Leit viru Geriicht ze begleeden.

Info-Këscht:

Hei kann ee sech beim CET mellen an hei fënnt ee weider Plazen, déi hëllefe kënnen.

Wann een Affer vun Diskriminatioun ass, kann een och eng Plainte bei der Police maachen.

Etuden zum Thema Rassismus zu Lëtzebuerg an an der EU

Back to Top
CIM LOGO